Bei Freiburg
Accident am Europa-Park, Gerüst fält an d'Waasser, 7 Leit blesséiert

Am gréisste Fräizäitpark an Däitschland goufe 5 Artiste vun enger "High Diving Show" an 2 Visiteure verwonnt, wéi ee mobile Pool ee Rëss krut.
Ee Gerüst ass an de Koup gefall. 3 Leit koumen an d'Spidol. D'Waasser ass an de Séi vun der Attraktioun "Atlantica SuperSplash" gelaf.
"Retorno dos Piratas" ass eng Tuermsprang-Akrobatie-Show.
Um Dënschdeg soll de Park awer nees seng Dieren opmaachen. D'Akrobate-Show fält awer elo mol bis op Weideres aus, huet eng Spriecherin vum Fräizäitpark matgedeelt.
Am Juni war ee Feier ausgebrach an der "Zauberwelt der Diamanten". Deemols war een Deel vum Park evakuéiert ginn.
Am meeschte gelies