Groussbritannien
3 presuméiert russesch Spioune goufe festgeholl

D'BBC mellt, dass zwee Männer an eng Fra aus Bulgarien zanter Februar an Untersuchungshaft a Groussbritannien sinn.
Si solle fir de russesche Geheimdéngscht geschafft hunn. Si hätte Päss, Identitéitskaarten an aner Dokumenter vun diverse Staate bei sech gehat hunn, dorënner aus Groussbritannien, Italien a Frankräich.
De Prozess géint déi presuméiert Spioune soll am Januar 2024 ugoen, mellt d'BBC weider.
Am meeschte gelies