Iwwert déi lescht zwee Méint hunn d'Ukrainer zwou gréisser Ugrëffswellen duerchgefouert. Allkéiers mat klenge Reussitten, awer kengem Duerchbroch.

D'ukrainescht Militär huet déi lescht Deeg mat Dronen, a wuel och Rakéiten d'Bréck vu Kertsch tëscht dem russesche Festland an der russesch annektéierter Hallefinsel Krim attackéiert. Keen Eenzelfall – se sinn Deel vun der ukrainescher Géigenoffensiv. Eng Offensiv, déi zanter iwwer zwee Méint amgaangen ass.

Mat den Dronen um Mier haten d'Ukrainer déi lescht Woche Succès. Esou ewéi viru kuerzem an der Strooss vu Kertsch. U Land awer schleeft d'Géigenoffensiv.

RTL

Iwwert déi lescht zwee Méint hunn d'Ukrainer zwou gréisser Ugrëffswellen duerchgefouert. Allkéiers mat klenge Reussitten, awer kengem Duerchbroch.

Iwwert d'Woch soll d'ukrainesch Arméi eegenen Informatiounen no dräi Quadratkilometer an der Géigend vu Bachmut an der Ostukrain zeréckeruewert hunn.

D'Regioun ass eng vun den Héichbuerge vun der aktueller Géigenoffensiv vun de "forces armées" vu Kiew. Zanter dem Ufank vun der Offensiv sollen op der Südflank vum Secteur Bachmut 40 Quadratkilometer zeréckeruewert gi sinn, erkläert déi ukrainesch Vize-Verdeedegungsministesch Hanna Maljar op der lokaler Televisioun.

Insgesamt hunn déi ukrainesch Truppe warscheinlech ëm déi 250 Quadratkilometer zeréckgewonnen. Am Verglach: Russland besetz weider 100.000 Quadratkilometer.

RTL

Iwwerall leie Minnen

Wouru läit et? Engersäits läit et um staarke russesche Widderstand. Anerersäits un enger ukrainescher Taktik, déi déi lescht Wochen net opgoung. D'Ukrainer hu probéiert, mat Militärtechnik aus dem Westen duerch déi russesch Linnen ze briechen. Wat zu héije Verloschter gefouert huet.

RTL

© AFP

D'Truppe vu Kiew hunn iwwerdeems probéiert, russesch Grief ze Fouss ze stiermen. Och hei ass den Erfolleg limitéiert. Wou och ëmmer d'Ukrainer virstoussen, läit den Territoire voll mat Minnen. Rieds geet vun Deels 5 Minne pro Quadratmeter.

RTL

Kämpfe wéi am Westen

D'USA hunn dës Woch jo annoncéiert der Ukrain weider Militärhëllef zur Verfügung ze stellen. Den neien Hëllefspak vu ronn 200 Milliounen US-Dollar schléissen ënner anerem Munitioun fir de Loftofwiersystem Patriot, Rackéitewerfer vum Typ Himars, Panzerofwierrakéiten a soss Ersatzdeeler an.

RTL

© AFP

Donnéeë vum Pentagon no hunn d'USA zanter dem Ufank vum Krich militäresch Hëllef vu méi ewéi 43 Milliarden US-Dollar un Hëllefsgelder bereetgestallt, respektiv versprach. De Plang vum Weste war et, d'Ukrain esou auszerëschten, datt se ewéi d'NATO ka kämpfen. E kombinéierte Kampf wou d'Artillerie, d'Panzer an d'Infanterie zesumme kämpfen. Hei hapert et engem Rapport vun der New York Times no awer un Ofstëmmung. Hei hätte jonk ukrainesch Zaldoten, mat wéineg Ausbildung, Feeler gemaach a wichteg Momenter fir unzegräife verpasst.

Weider feelt et der Ukrain un der néideger Loft-Iwwerleeënheet. Et feelt dem Land u Fligeren.

RTL
RTL

Onkloer, wéi et de russeschen Zaldote geet

D'Ukrain a Russland stiechen den Ament an engem "Ofnotzungskrich". Dat wierkt aktuell och ewéi déi ukrainesch Strategie. D'russesch Zaldote gi mat Rakéiten an Artillerie deziméiert a strapazéiert, fir Lächer ze schafen.

Weider gi systematesch Ratiounsweeër attackéiert, zum Beispill d'Krim-Bréck, ma och Eisebunnslinnen, Stroossen a Munitiounsdepoten. Ob dës Strategie effektiv Friichten dréit ass onkloer. Vun de sëllege Sourcen, lokalen ewéi internationalen Aschätzungen, komme ganz verschidden Annoncen zum Zoustand vun de russesche Truppen.

Géigenoffensiv bis op d'mannst an den Hierscht

Experten no wäert d'Offensiv bis op d'mannst an den Hierscht eragoen. Et ass méiglech, datt d'Ukrain nach e grousse Succès erakritt – awer éischter onwarscheinlech. D'Fro, déi sech da stellt, wéi geet et virun?

D'Russen hunn aktuell, souwäit gewosst ass, keng grouss Ugrëffsformatiounen. De Kreml kéint allerdéngs eng weider grouss Mobiliséierung ordonéieren an nach emol honnertdausend Zaldoten an de Krich schécken.

D'Ukrain wäert, geschwënn oder méi spéit, op en Neits massiv westlech Militärhëllef brauchen. Virun allem Artillerie-Munitioun.

En Enn vum Krich ass net a Siicht. Wat awer méiglech ass, ass datt de Krich am Wanter mat manner Intensitéit weidergefouert gëtt, well béid Arméie midd sinn.

RTL

© AFP