Grond dofir wieren dem lokalen Defenseminister no eng Abberzuel un illegale Versich, iwwert d'Grenz ze kommen.

Rieds ass vu 96 Leit, déi bannent just engem Dag probéiert hätten onrechtméisseg a Lettland eranzekommen.

D’Arméi wäert elo d’Grenzpolice ënnerstëtzen.

D’Tensioune mat Minsk räissen net of, well de Regime vum President Lukaschenko geziilt esou illegal Grenz-Iwwertrëtter an d’EU soll begënschtegen. Polen a Lettland sinn och beonrouegt wéinst den ëmmer méi intensiven Aktivitéite vun de Wagner-Mercenairen an hire Grenzregiounen.