Dat mellt d'"New York Times" an zitéiert Vertrieder vun der US-Regierung.

Virun 18 Méint huet Russland de Krich an der Ukrain ugefaangen. Vertrieder vun der US-Regierung ginn dovunner aus, datt et zanterhier grouss Verloschter op béide Säit gëtt.

Engem Medie-Bericht no sinn am Ganze knapp 500.000 Zaldoten op béide Säiten ëm d'Liewe komm oder blesséiert ginn. De Verloscht op russescher Säit wier mat knapp 300.000 Doudegen oder Verwonnten méi héich wéi op ukrainescher Säit, dat schreift d'"New York Times" a berifft sech op US-Regierungsvertrieder. D'Zuel vun de russeschen Zaldoten, déi bis ewell am Krich hiert Liewe gelooss hunn, géif op bis zu 120.000 geschat ginn an d'Zuel vun de Blesséierten op 170.000 bis 180.000. D'Ukrain hätt ronn 70.000 Zaldoten, déi ëm d'Liewe komm sinn, an 100.000 bis 120.000 Blesséierter ze bekloen.

Onofhängeg iwwerpréiwe loosse sech dës Zuelen net.

Weste beim Scheitere vu Géigenoffensiv responsabel

Iwwerdeems huet ee fréieren US-Generol dem Westen e Manktem un Ënnerstëtzung fir Kiew reprochéiert. Zanter Méint fuerdert Kiew d'Liwwerung vun F-16-Kampfjetten aus den USA an "Taurus-Marschflugkörper" aus Däitschland. Ma déi westlech Partner reagéieren zeréckhalend. De fréieren US-Generol Ben Hodges mécht Berlin a Washington dofir schwéier Virwërf.

"Wëll de Westen d'Victoire vun der Ukrain?" Mäi Glawe gëtt méi geréng", sou den Hodges am Interview mam "Tagesspiegel".

Wuel hätt d'US-Regierung elo hiren Alliéierten erlaabt, fir F16-Kampfjetten un d'Ukrain ze liwweren, hiert laangt Zécke wier awer "e Beispill fir de Manktem un Entschlossenheet, der Ukrain zu enger Victoire ze verhëllefen", sou den Hodges.

D'Ukrain kritt elo F16-Kampfjetten aus Holland an Dänemark. Béid Länner hu sech och bereet erkläert, fir ukrainesch Piloten auszebilden. An deem Kontext weist sech Kiew frou iwwert den Accord vun den USA.

Am Virfeld haten d'USA erkläert, déi Liwwerungen eréischt dann ze accordéieren, wann ukrainesch Piloten dofir ausgebilt sinn.

Wéini déi Kampffligeren elo allerdéngs an der Ukrain ukomme sollen, ass nach net bekannt. Dat kéint nach e puer Méint daueren.