Indien ass um Mound

© AFP
D'Raumsond mam Numm Chandrayaan-3 ass e Mëttwoch douce um Äerdtrabant gelant, dat huet déi indesch Weltraum-Agence matgedeelt.
Als véiert Land ass Indien eng Landung um Mount gelongen. D'Raumsonde "Chandrayaan-3" huet no knapp sechs Woche Fluchzäit de bis ewell wéineg erfuerschte Südpol vum Äerdtrabant erreecht. Den Numm bedeit sou vill wéi "Moundgefier" op Sanskrit.
Mat der onbemannter Missioun wëllt Indien ronn zwou Woche laang d'Südsäit vum Mound erfuerschen an ënnert anerem méi iwwert gefruerent Waasser um Mound erausfannen. Een éischte Versuch am Joer 2019 hat net geklappt.
Domat gehéiert Indien elo zum exklusive Club vun den Natiounen, déi um Mound gelant sinn. Bis ewell war dat just den USA, der Sowjetunioun a China gegléckt.
Rezent hat och Russland probéiert, d'Sonde "Luna-25" op de Mound ze schécken. Ma d'Sonde war e Sonndeg op der Mounduewerfläch opgeschloen a gouf dobäi komplett zerstéiert. Och "Luna-25" sollt an der Géigend vum Südpol landen.