A Russland ass der Noriichtenagence Tass no e Privatfliger erofgefall. Kee vun den 10 Passagéier huet iwwerlieft.

Op der Passagéierlëscht vum Vol stoung den Numm vum Jewgeni Prigoschin, dem Chef vun der Privat-Arméi "Wagner", dat huet déi russesch Fluchagence matgedeelt.

D'Embraer-Maschinn war ënnerwee vu Moskau op St. Petersburg a soll an der Regioun Twer nërdlech vun der Haaptstad erofgefall sinn, sou nach déi russesch Noriichtenagence Tass, déi sech op de Ministère fir Katastropheschutz berifft. Siwe Passagéier an 3 Membere vum Equipage sollen ëm d'Liewe komm sinn.

Eng definitiv Confirmatioun, datt de Jewgeni Prigoschin wierklech u Bord vum Fliger war, gouf et laang net. Déi russesch Loftfaart-Agence huet um 22 Auer gemellt, datt de Prigoschin u Bord gewiescht wär.

De Wagner-Kanal op Telegram mam Numm "Grey Zone" wollt fir d'éischt Informatiounen ofwaarden, du koum 3 Stonnen drop den Noruff an d'Scholdzouweisung op "Verréider u Russland".

Washington sot um Mëttwoch den Owend, datt den Doud vum Wagner-Chef "keng Iwwerraschung wär".

Vum Kreml gëtt et keng Reaktioun.

Rezent war am Internet e Video vum Söldner-Chef opgedaucht, deen hie sengen eegene Wierder no an Afrika weise soll, wou hien a seng Kämpfer un engem Opklärungsasaz bedeelegt sinn. D'Authentizitéit vun den Opname konnten net onofhängeg iwwerpréift ginn.

Zanter Enn Juni am Exil

D'Wagner-Truppe waren och an den Ukrain-Krich involvéiert. Enn Januar hat de Prigoschin seng Leit aus Frust iwwert déi aus senger Usiicht no net effektiv genuch russesch Militärféierung fir e Marsch op Moskau mobiliséiert. Dësen huet hien allerdéngs no e puer Stonnen nees gestoppt. Doropshi war hien a Belarus an den Exil gaangen, angeblech en Accord mam Kreml.