An enger Serie u Videoe geet e Merci eraus un all d'Länner, déi d'Ukrain ënnerstëtzt hunn, respektiv ënnerstëtzen.

Ënnert all de Videoen um Twitter-Account "Defense of Ukraine", déi um ukraineschen Onofhängegkeetsdeeg verëffentlecht goufen, ass och ee fir Lëtzebuerg.

Am Video gëtt ënnert anerem erwäänt, dass Lëtzebuerg versteet wat et heescht, wann ee besat gouf. Dat gëtt dann och mat engem Statement vum Defenseminister François Bausch ënnerstrach, deen an engem Artikel vun der New York Times verëffentlecht gouf.

Iwwer 20% vum Defense-Budget hätt Lëtzebuerg un d'Ukrain gespent an et kënnt dann eng Oplëschtung u Material, déi an d'Ukrain geliwwert gouf. Dat geet vun Anti-Panzer Rakéiten, iwwer gepanzert Gefierer, Dronen bis Camione voll u Militärequipement.

Um Enn steet dann nach am Video geschriwwen, dass ee Lëtzebuerg ni vergiesse wäert, grad ewéi:

"MERCI, LËTZEBUERG - THANK YOU, LUXEMBOURG!