Selenskyj op Visitt am Wäissen Haus zu Washington

© AFP
Am Krich mat Russland sinn d'USA de wichtegsten Alliéierte vu Kiew an och bei dëser Visitt soll et ëm weider Ënnerstëtzung goen.
Den ukrainesche President Selenskyj ass en Donneschdeg op Visitt am Wäissen Haus zu Washington. Den US-President Joe Biden hat dës Entrevue gefrot, fir weider 24 Milliarden Dollar ze deblockéieren, mat deene militäresch Equipementer an aner Hëllefe solle finanzéiert ginn.
D'oppositionell Republikaner am Kapitol stelle sech iwwerdeems nach queesch. Dofir wëll den ukrainesche President och eng Delegatioun vun hinne gesinn.
En Dënschdeg hat den ukrainesche President Selenskyj an der Generaldebatt vun der UNO-Vollversammlung geschwat - nach zréckhalend - am UNO-Sécherheetsrot huet hie méi däitlech Wierder fonnt, fir d'Regierungscheffen aus der ganzer Welt a fir déi russesch Delegatioun.
De Selenskyj huet d'Uno kritiséiert a sech fir eng Reform vum héije Gremium staark gemaach.
Et wier eng Tatsaach, datt Latäinamerika, déi pazifesch Staaten an déi afrikanesch Unioun net genuch representéiert wieren an dauerhaft sollten e Mandat kréien. Genee wéi och Däitschland, fënnt de Selensyki.
Geschwat huet och de russeschen Ausseminister Lawrow. De Selenskyj hat awer du schonn no senger Ried de Sall verlooss. De Lawrow huet dem Weste reprochéiert, fir méi héich Risiken an der Welt responsabel ze sinn. D'USA an hir Partner géife sech an d'Politik an der Ukrain amëschen an hätten eng prowestlech Politik zu Kiew erzwongen. D'NATO hätt donieft all Dialog refuséiert.