En Donneschdeg waren zu Rotterdam als éischt an engem Appartement an duerno an der Universitéitsklinik Schëss gefall.

Wéi de Chef vun der lokaler Police en Donneschdeg den Owend géigeniwwer der Press confirméiert huet, wier op béide Plaze jeeweils eng Persoun ëm d'Liewe komm. Beim Doudesaffer an der Wunneng géif et sech ëm eng 39 Joer al Fra handelen. De presuméierten Täter - en 32 Joer alen Hollänner - huet och op hir 14 Joer al Duechter geschoss. Si gouf uerg blesséiert an ass am Laf vum Owend am Spidol gestuerwen.

An der Universitéitsklinik huet de presuméierten Täter dunn e 46 Joer alen Enseignant erschoss.

Iwwert d'Motiv vun deem 32 Joer alen Täter kéint een den Ament nach näischt soen, dofir wier et nach ze fréi. Aktuell géif een dovun ausgoen, dass hien nëmmen eng Waff hat an eleng agéiert huet.

De Buergermeeschter vu Rotterdam Ahmed Aboutaleb huet en Donneschdeg den Owend vun engem schwaarzen Dag fir d'Stad geschwat.

Wat ass passéiert?

En Donneschdeg am Nomëtteg hat déi hollännesch Police op X matgedeelt, dass als éischt an engem Appartement zu Rotterdam an duerno an der Universitéitsklinik Schëss gefall wieren.

Déi éischt Schëss goufen an engem Appartement am Weste vu Rotterdam gemellt. Duerno wier e Feier an der Wunneng ausgebrach. Kuerz drop wieren da Schëss an engem Auditoire vun der Universitéitsklinik gefall. Béid Plaze leie ronn 1,5 Kilometer auserneen. Op engem Video, deen e Wëssenschaftler vun der Klinik op X gepost huet, ass iwwerdeems ze gesinn, dass och hei e Feier ausgebrach ass.

Vun der Police huet et geheescht, dass arméiert Unitéiten d'Spidol no engem Täter a Militär-Kleedung duerchsiche géifen.

Am fréien Owend koum dunn d'Nouvelle vun der Police, dass den 32 Joer ale Mann op der Helikopter-Landeplaz vum Spidol festgeholl gi wier. Weider huet et geheescht et, dass et bei déiden Tëschefäll zu Doudesaffer komm wier.