Ex-CEO vun Abercrombie & Fitch soll Männer sexuell mëssbraucht hunn

© BERTRAND GUAY AFP
De Mike Jeffries soll BBC News no virgeworf kréien, Männer ausgenotzt zu hunn, fir op Sex-Events matzemaachen.
Am Moment géif BBC no gepréift ginn, op dem Mike Jeffries, an och anere Persounen, kéint Sexhandel (Sex trafficking) virgehäit ginn. De Mike Jeffries huet an den 90er-Joren Abercombie & Fitch iwwerholl an huet d'Firma zu enger erfollegräicher Kleeder-Mark opgebaut, déi sech virun allem op jonk attraktiv Leit konzentréiert an dëst Image och erëmgespigelt huet huet. Schonn deemools gouf hien als eng kontrovers Figur ugesinn.
BBC soll mat am Ganzen 12 Männer geschwat hunn, déi bei dëse sougenannte Sex-Events dobäi waren, déi ënnert anerem vum Mike Jeffries a sengem deemolege Liewenspartner Matthew Smith organiséiert goufen. 8 vun dëse Männer hunn ausgesot, si wiere vun engem Mëttelsmann rekrutéiert ginn, hei soll et sech ëm den James Jacobson handelen.
Den Jacobson soll, sou déi befrote Männer, gutt Relatioune deemools mat der Chef-Etage vun Abercrombie & Fitch gehat hunn. Vill vun dëse Männer schwätzen hei vu ganz desagreabelen Treffen, fir déi se bezuelt goufen an net domadder duerften un d'Ëffentlechkeet goen. Och solle vill vun dëse Männer Treffen mat der Chef-Etage, respektiv mam Jeffries, versprach kritt hunn, dat awer nëmmen fir eng sexuell Géigeleeschtung.
Rieds geet och vu Meetingen a Partyen, wou dës Männer zu Sex mam Mike Jeffries gedrängt gi sinn, deelweis och mat Asaz vun Drogen. BBC huet dës Story e Méindeg publizéiert, Ermëttlunge géint de Mike Jeffries oder aner involvéiert Persounen, ginn et bis ewell nach net.