Weste vum Afghanistan
Regioun op en Neits vun engem Äerdbiewe getraff

Knapp annerhallef Woch ass et hier, datt eng Serie vun Äerdbiewen am Weste vun Afghanistan fir vill Schued a Leed gesuergt huet.
Am Weste vum Afghanistan gouf et an der Nuecht op e Mëttwoch schonn nees en Äerdbiewe matzen an der Regioun, wou en anert Biewe virun annerhallwer Woch iwwer 2.000 Doudesaffer gefuerdert hat.
De Buedem huet mat 6,3 Punkten op der Richterskala, also relativ kräfteg geziddert. Iwwer Schied oder Affer ass den Ament nach wéineg gewosst.
Dausende Leit liewen zanter dem leschte Biewen an Noutzelter, well hir Wunnengen zerstéiert sinn.
Am meeschte gelies