Zanter e Samschdeg stinn d'Zeechen am Noen Osten alt nees eng Kéier op Krich.

Et ass ee Joerzéngte laange Konflikt tëscht Israeelien a Palästinenser mat ëmmer neien Dimensiounen an internationale Verstréckungen. Deemno ass et ganz schwéier ze resuméieren. D'Annick Goerens aus der Noriichten-Redaktioun huet et awer emol an Ugrëff geholl.

D'Annick Goerens war 2014 zu Tel Aviv wärend dem Gaza-Krich an huet do fir déi däitsch Tëlee, den ZDF, geschafft. Mä elo huet een d'Gefill, dass sech d'Evenementer total iwwerschloen. Elo schwätze mer vun engem Krich an net méi just vun enger Gewalt-Eskalatioun. Wat war dann déi Kéier anescht?

D'Analys vun der Situatioun am Noen Osten / Annick Goerens

D'Äntwert ass keng schéin, mä eng einfach: d'Ausmooss vum Haass a vun der brutaler Gewalt, déi agesat gouf. Zanter Joerzéngte gouf et keng vergläichbar Attack op Israel. Déi radikalislamesch Hamas huet aus der Gazasträif eraus e Samschdeg extrem koordinéiert a wuel laang geplangt Israel attackéiert. Zanterhier kommen ëmmer méi Detailer un d'Liicht.

Fakt ass: et goufen 260 onschëlleg Leit, Zivilisten op engem Musik-Festival en masse exekutéiert. D'New York Times huet do iwwerdeems e ganz informative Video produzéiert, an deem si am Detail weisen, wéi d'Hamas virgaangen ass. Si waren extrem brutal. Se hu Kanner gekäppt an exekutéiert wéi Krichsgefaangener, also se mat den Hänn um Réck verbonnen erschoss... Se hunn al Leit, Kanner a Bëbeeën als Geisele mat an d'Gazasträif geholl. Also d'Violence war extrem an dofir schwätzt Israel och vun hirem perséinlechen 9/11. An dofir hu mer elo d'Evenementer, déi sech wierklech iwwerschloen.

Eng Noutstandsregierung, déi et just a Krichszäite gëtt, gouf aberuff. Honnerte Panzeren un de Grenzen, 300.000 Reservisten, déi mobiliséiert goufen, sou vill wéi nach ni virdrun. Aussoe vum israeelesche Premier Benjamin Netanjahu no ass "all Member vu Hamas een doudege Mann".

Israel huet mam Mossad ee vun de beschte Geheimdéngschter op der Welt. Wéi kann et sinn, dass si sou iwwerrascht goufen?

An net just dat. Si hu mam Iron Dome de beschte Rakéiten-Defense-System vun der Welt. Si hu Mauere ronderëm déi palästinensesch Gebidder, déi méi héich si wéi d'Berliner Mauer. Wann der versicht, vun engem Duerf an dat anert ze kommen - schonn eleng a Friddenszäiten, braucht der vill Zäit a Gedold, well d'Kontrolle sinn extrem laangwiereg a streng. Net just fir Journalisten. Souguer fir normal Touristen.

Och d'Gazasträif ass net einfach eng Grenz, mä militäresch extrem ofgeséchert mat zeg Couchen Drot, Pufferzonen, Beweegungssensoren, Zaldoten, Kameraen... Ma d'Terrororganisatioun Hamas ass massiv dogéint virgaangen e Samschdeg Moien an der Fréi, se sinn deels mat Paraglideren driwwer geflunn, hunn dausende Rakéite bannent kuerzer Zäit ofgeschoss. An hinne war et egal, wéi vill Leit vun hinne gestuerwe sinn, fir eriwwer ze kommen.

Dass Israel näischt soll gewosst hunn, ass onwarscheinlech. Den ägyptesche Geheimdéngscht hätt d'Israeelie gewarnt, sou heescht et zanter e Sonndeg. An Experte stelle sech d'Fro: huet den israeelesche Premier Netanjahu dës Warnunge bewosst ignoréiert? Hien ass bekannt als een Hardliner an hätt natierlech mat esou engem Attentat e gudde Grond, fir endlech d'Gazasträif z'attackéieren a mat Buedemtruppen z'intervenéieren, wéi et aktuell geschitt. Den Netanyahu fiert jo och zanter Joren eng Politik vun der "Occupatioun" a besetzt palestinensesch Territoiren. Dat suergt ëmmer nees fir Tensiounen, déi elo an dëser Gewaltspiral eskaléieren.

Wéi geet et dann elo virun?

E Bléck an d'Glaskugel? Schwéier soen. Déi international Communautéit intervenéiert, wëll verhënneren, dass Israel an d'Gazasträif opraume geet, well wuel gemierkt op 365 Quadratkilometer - also siwe Mol méi kleng wéi Lëtzebuerg - wunnen awer iwwer 2 Millioune Leit. An Attacke geschéien elo vu béide Säiten.

Israel bombardéiert massiv a bannent der Gazasträif sinn iwwer 100.000 Leit schonn op der Flucht a kommen net méi do eraus, well all d'Grenze blockéiert ginn an donieft kappt Israel och de Stroum, d'Waasser an d'Liewensmëttelversuergung. Schonn a normalen Zäiten ass et fir d'Leit net einfach an net all Mënsch an der Gazasträif ass een Terrorist. Et ass extrem schwéier, och wann een als Journalist do schafft, well ee béid Säite ka verstoen an sech do Haass an Angscht vu Generatioun op Generatioun verierft.