Déi däitsch Inneministesch Nancy Faeser wëll Antisemitismus keng Plaz ginn a léisst mam Verbuet e Verspriechen an.

D'Terrororganisatioun Hamas an dat pro-palästinensescht Netzwierk Samidoun si vum 2. November un an Däitschland verbueden. Dat deelt d'Nancy Faeser an enger Pressekonferenz zu Berlin mat. D'Hamas huet als Terrororganisatioun zum Zil, de Staat Israel ze vernichten. "Samidoun verbreet als internationaalt Netzwierk, ënnert dem Deckmantel vun enger Solidaritéitsorganisatioun fir Gefaangener a verschiddene Länner, israel- a juddefeindlech Propaganda."

Am Fall vun der Hamas an auslännesche Strukture vu Samidoun gëllt e sougenannt "Betätigungsverbot". Fir déi däitsch Strukture vu Samidoun gëtt et zudeem e "Vereinsverbot". D'Konsequenze fir béides wieren änlech. Et kéint zu enger Geldstrof kommen, Internetoptrëtter an Aktivitéiten an de soziale Medie si verbueden. Wie weider fir d'Organisatioun aktiv ass, dee mécht sech strofbar.

D'Hamas ass vun der EU a vun den USA als Terrororganisatioun agestuuft ginn. Schätzungen no stinn an Däitschland ronn 450 Mënschen hannert der Hamas, dovu vill däitsch Staatsbierger. Eng offiziell Gruppéierung géing et awer net ginn.

No den Aschätzunge vu Verfassungsschützer gehéiert Samidoun zur radikaler Palästinenserorganisatioun PFLP (Volleksfront zur Befreiung vu Palästina) an ass israelfeindlech. Nëmmen e puer Stonnen nom Ugrëff vum 7. Oktober hu Membere vum Netzwierk Séissegkeeten op der Sonnenallee zu Berlin verdeelt, fir d'Hamas ze éieren.

De Bundeskanzler Olaf Scholz huet doropshin schonns e "Betätigungsverbot" annoncéiert. Elo ass et a Kraaft getrueden.