Australien offréiert den Awunner vum Inselstaat Tuvalu Klima-Asyl
Den Ausseminister vun Tuvalu bei enger Usprooch wärend der Weltklimakonferenz 2021. / © AFP
Béid Säiten hunn e Freideg een Ofkommes presentéiert, hei gëtt den Awunner vun der Insel Ënnerstëtzung vun Australien bei Naturkatastrophen zougeséchert.
"Mir denken, datt d'Bevëlkerung vun Tuvalu d'Wiel sollt hunn, enzwousch anescht ze liewen, ze studéieren, ze schaffen, wärend sech de Klimawandel verschäerft", heescht et an enger gemeinsamer Erklärung vum australesche Premier Anthony Albanese a sengem Amtskolleeg Kausea Natano.
Déi kleng Inselgrupp mat hiren 11.000 Awunner gehéiert zu den Natiounen, déi am stäerkste vum Klimawandel an der Hausse vum Mieresspigel menacéiert sinn. Zwee vu sengen néng Atolle si scho gréisstendeels iwwerschwemmt, an Experte schätzen, datt de ganzen Archipel an den nächsten 80 Joer onbewunnbar wäert sinn.
De Regierungschef vun Tuvalu Natano huet d'Ofkommes als "eng Hoffnung" a "grousse Schratt no vir" fir d'Stabilitéit an der Regioun bezeechent. Fir a Kraaft ze trieden, muss d'Ofkommes allerdéngs nach vu béide Säite ratifizéiert ginn.
Am Ofkommes ass festgehalen, datt am Kampf géint de Klimawandel net séier genuch gehandelt gouf an e schonn däitlech ze spiere wier. Déi wirtschaftlech Ofhängegkeet vun Australien vu klimaschiedleche fossille Brennstoffer Kuel a Gas ass zanter laangem ee Sträitpunkt mat senge Pazifik-Noperen, déi scho mat de massive wirtschaftlechen a soziale Käschte vun der Klimaerwiermung ze kämpfen hunn.