Éischt Walen zanter 10 Joer ouni de Premier Mark Rutte
E Mëttwoch den 22. November si Walen an Holland. Keng vun de Parteien an der Course awer schéngt de Sondagen no eng Aussiicht ze hunn, iwwer 20% ze kommen.
Fir d’Wieler an Holland sinn d’Wirtschaft, de Klimawandel an d’Immigratioun d’Top 3 an hirem Entscheedungsprozess. Walen an engem vun de räichste Länner an Europa gëllen als Test, wéi vill méi Investissementer an de Klimaschutz enger Populatioun kënnen zougemutt ginn. "Mir mussen d’Urgence vun der Klimakris wouerhuelen, well mir sinn ee vulnerabelt Land a punkto Klimawandel. Mir mussen d’Käpp zesumme stiechen. Mir sinn e Land vun Ingenieuren an Erfinder a mir kënnen nei Zeeche setzen. Mir sinn an enger gudder Positioun, fir der Welt ze weisen, wéi mer dem Klimawandel kënnen entgéint wierken", fuerdert de Frans Timmermans vun der GroenLinks-PvdA.
Och wann an Holland de gréissten Deel vun der Populatioun ënnert dem Mieresspigel lieft, ass Ëmweltschutz fir Konservativer a Leit mat manner Akommes eng Luxus-Suerg.
"Ech mengen, mir hu vill Problemer mat Flüchtlingen an d’Liewe gëtt ëmmer méi deier. Dat si wichteg Themen. Mir hu vill Flüchtlingen aus der Ukrain. Vill Leit soen, dat ass OK, mee déi aus Afrika oder Syrien net. D’Flüchtlingslager si voll. Dowéinst gesi vill Leit d’Immigratioun als grousse Problem", fënnt de Jelmer Hiemstra, Student zu Rotterdam.
Holland geet et awer prächteg. De Chômage läit ënner 4%, d’Inflatioun ass minimal, déi national Schold läit ënnert der Hallschent vum PIB an d’Land wäert allem Uschäin no bis 2030 seng Klimaziler erreechen. U sech misst et eng Autobunn si bis bei Victoire fir d’VVD, d’Vollekspartei vum aktuelle Premier Mark Rutte, déi elo vun der Justizministesch Dilan Yesilgoz gefouert gëtt.
"Déi leschte Kéier hat ech d’VVD gewielt, well ech der Meenung war, de Rutte mécht eng gutt Aarbecht. Mee elo ass d’Zäit komm fir e Wiessel. D’Präisser ginn erop a vill Leit packen dat net méi, duerfir wielen ech elo fir aner Parteien, déi dat vläicht änneren. Vläicht de Pieter Omzigt. Well ech mengen, dass d’Präisdeierecht disproportionéiert ass. Trotz dem Krich an der Ukrain, Corona an der Energiekris", sou de Pensionnaire Kees Boeren vu Roosendaal.
Den Omzigt steet fir méi déifgräifend Reformen. E plangt Subsiden op Elektro-Autoen a Solarstroum-Anlagen ze sträichen. E sicht och no Weeër laanscht d’EU-Reegelen a punkto Immigratioun an Agrarpolitik, well se an engem dicht bewunnten Holland kee Sënn géife maachen.
Mä keng Partei packt et den Ament iwwer 20%. D’Aussiicht duerno ass deemno gären eng grouss Koalitioun an engem verwässerte Wiessel hannert den Däicher.