D'Schwéierpunkte vun der belscher EU-Presidence goufe presentéiert
Et ass scho fir déi 13. Kéier, dass d'Belsch d'EU-Presidence iwwerhëlt.
"Protegéieren, verstäerken a virbereeden", dat sinn déi 3 Stéchwierder vun der belscher EU-Presidence déi nächst 6 Méint. D'Schwéierpunkten dovun huet de belschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, den Thomas Lambert, e Méindeg am Foyer Européen op der Gare presentéiert. Et wier ëmmerhi schonn déi 13. Kéier, dass d'Belsch d'EU-Presidence iwwerhëlt, dofir wier et engersäits scho Routine, anersäits awer och méi speziell, vu datt dëst Joer Europawale sinn.
Den Ambassadeur ass op hire Slogan agaangen, ugefaange mam Begrëff "protegéieren". Dat heescht d'Matbierger an d'Grenze schützen, mä och d'Defense vun den demokratesch Valeure vun den europäesche Rechtsstaaten, d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain wéi och de sozialen Agenda an d'Santé.
Verstäerke misst een ënnert anerem d'Kompetitivitéit vun der EU op internationalem Niveau. A Punkto Virbereedung dann huet den Thomas Lambert ënnert anerem d'Bäitrëtter vun anere Länner an d'EU genannt. Donieft misst natierlech verstäerkt op Sujete wéi dem Klimawandel geschafft ginn, mee et misst een och vigilant si fir Saachen, déi een net plange kann, fir Onerwaartes, huet den belschen Ambassadeur nach betount.
"Il y a du pain sur la planche"
Den 1. Januar hunn eis belsch Noperen d'Presidence vun der Europäescher Unioun iwwerholl. 5 Méint virun den Europawalen. Den Termin vum 9. Juni bréngt mat sech, datt déi nächst Woche sportlech wäerte ginn. Eng 100 Initiative vun der Kommissioun Von der Leyen solle wa méiglech nach bis Enn Abrëll ëmgesat ginn.
E besonnesche Wäert wëll d'Belsch op de Respekt vun der Rechtsstaatlechkeet an der EU leeën. Dofir soll e spezielle Rendez-vous zu 27, mat awer och de Bäitrëttskandidaten organiséiert ginn. D'Rechtsstaatlechkeet wier eng Saach vu Vertrauen.
Renforcer, do geet et virop drëm, d'Kompetitivitéit vun der Europäescher Unioun mat Bléck op de Rescht vun der Welt ze stäerken. D'Kompetitivitéit géif ëmmer méi och dat geopolitescht Gewiicht matbestëmmen.
Prévoir, hei kuckt d'Belsch wäit no vir. Op d'Erweiderung. En Europa vun 30, jo 35 Staaten. Déi Erweiderung géif net vun haut op muer Realitéit ginn. Se misst awer preparéiert ginn.
"L'Union Européenne restera un projet de paix, restera un projet qui vise à s'organiser différemment et mieux entre nous. Mais qui de plus en plus est en train de devenir, par la force des choses, un acteur géopolitique. Et est vrai que là, nous avons du pain sur la planche." sou den Ambassadeur.
D'europäesch Asyl a Migratiounspolitik wäert och weider beschäftegen. Spuenien huet zwar e Kaderaccord virbereet. D'Detailer mussen awer nach ausgeschafft ginn an deen Text soll wa méiglech nach virun den Europawalen duerch d'Europaparlament.
"Ce qui est essentiel, c'est un regain de contrôle, mais aussi de maintenir debout la solidarité entre états membres.", sou den Thomas Lambert zum Thema Asyl a Migratiounspolitik.
EU-Presidencë ginn a leschter Zäit dacks vun der Aktualitéit gedriwwen. Mat den Ament dem Bléck op d'Ukrain, op dat, wat am Noen Osten an am Roude Mier geschitt. Och d'Walen an Amerika wäerten déi nächst Méint beschäftegen.