Wéi de Parquet vun Darmstadt matdeelt, sinn am südhessesche Mörfeld-Walldorf eng 38 Joer al Fra an en 48 Joer ale Mann gestuerwen.

De Parquet huet dann och Detailer matgedeelt. Esou wier de Mann géint 19.15 Auer an de Buttek komm, wier direkt an de Beräich vun der Keess gaangen an hätt e puer Mol op d'Fra geschoss. Dono hätt de Mann sech selwer ëmbruecht. Déi aner Clienten a Persoune vum Personal, déi zum Ament vun der Dot am Discounter waren, goufen net blesséiert. Si goufen dono awer psychologesch betreit.

Den aktuellen Ermëttlungen no hate béid Persounen an der Vergaangenheet eng Bezéiung mateneen. Nach bis an d'Nuecht era waren d'Ermëttler op der Plaz, fir Spueren ze sécheren an Zeien ze befroen.