Wéi eng psychologesch Problemer kommen nom Krich op d'Ukrainer duer?
Ënnert anerem den Igor erzielt, wéi hie sech den 21. Januar mat senger Unitéit no enger Attack zeréckgezunn huet.
Et ass op deem Ament, wou e vun enger Artillerie-Granat getraff gouf. Virop um lénkse Been gouf hien uerg blesséiert.
De Physiotherapeut Roman Tsyhannyk: "Hien huet de Femur an d’Schinnebeen gebrach. E Stéck vun der Schank gouf erausgerappt. Haut gouf grefféiert. Mir hunn d’Been mat enger externer Schinn fixéiert."
Den Igor gouf virun engem Mount un der Front getraff: "Ech mengen, ech erhuele mech gutt. Vläicht well ech nach jonk sinn. Jo. Generell spieren ech mech gutt."
Wéi bei villen Zaldoten, steet och beim Igor, dee virum Krich um Bau geschafft huet, elo scho fest, datt hien op d’mannst nach en halleft Joer an der Klinik bleiwe muss.
D'Katarina Serbina vun MSF Ukrain: "Hei, an dësem Spidol, behandele mer Patienten, déi virun eréischt e puer Deeg blesséiert goufen. Et ass extrem wichteg, direkt mat der Rehabilitatioun unzefänken. Fir datt d’Muskelen net ze vill ofbauen."
Déi zwee Physiotherapeuten hiewen den Igor, deem de kale Schweess op der Stier huet, aus dem Rollstull. Nëmmen ee Mount no senger uerger Verletzung steet de fréieren Zaldot nees, fir déi éischte Kéier.
"Ech ginn dervun aus, datt de Patient .. an engem hallwe Joer nees eegestänneg goe kann. An zwee Méint kann hien eleng mat der Hëllef vu Krätsche stoen", sou de Roman Tsyhannyk.
D’Zuel u blesséierten Zaldoten, déi vun der Front zeréckkommen, ass enorm. 4 bis 5 Männer deele sech een Zëmmer. D’lescht Joer am Fréijoer huet d’Zesummenaarbecht vu Médecins sans Frontières, mam ukrainesche Gesondheetsministère an de Klinicken ugefaangen. D’Ekippe vun MSF paken, virop an 3 Beräicher, Hand mat un: um Niveau vun den alldeegleche Soinen, der Physiotherapie an der psychologescher Betreiung, wou de Serhii grad a Behandlung ass.
De Psycholog Vitalii Pavlierev: "Ech wäert de Patient wärend e puer Méint begleeden. Mir schaffen op Basis vu verschiddene Psychologie-Programmer. Wéi intensiv? Dat hänkt och vun den Operatiounen of, déi nach virgesi sinn. Ech passe mech dem Patient un. Sengem Rhythmus. Dem Programm, vun den anere Spezialisten aus der Traumatologie."
Am November gouf dann de Serhii direkt bei Avdiivka blesséiert: "Iert ech mam Psychologe geschafft hunn, hunn ech Albdreem gemaach. A mengen Dreem hunn ech ëmmer nees d’Plaz gesinn, wou ech vum Artillerie-Feier ugegraff gouf. Elo sinn all déi Symptomer fort."
Matten am Interview gi mir vun engem Loftalarm ënnerbrach. Alerten, déi derzou bäidroen, datt net just d’Patienten, ma generell d’ukrainesch Populatioun, bewosst oder onbewosst, zanter elo 48 Méint engem gewësse Stress ausgesat ass. D’Spezialiste ginn dervun aus, datt grad an de Jore wann de Krich bis eriwwer ass, psychologesch Problemer d’ukrainesch Gesellschaft staark belaaschte wäerten.