Dat ass d'Haaptzil vun enger Partie EU-Reegelen, déi vun e Mëttwoch u fir grouss digital Plattforme gëllen.

Rieds geet vum sougenannten Digital Act. Virop geet et ëm en EU-Reegelwierk, dat aus zwee Gesetzer besteet. Dat eent ass d'Gesetz iwwert déi digital Déngschter - kuerz DSA. Dëst ass zanter Mëtt Februar schonn a Kraaft an huet als Zil, illegal Contenuen op Online-Plattformen ze bekämpfen, Useren däitlech méi Rechter ze ginn an e séchert Ëmfeld ze schafen.

Beim zweete Gesetz schwätze mer vum DMA, dem digitale Marché. An do geet et virun allem drëm, fir eng fair Konkurrenz online ze schafen. Dëst gëllt vun e Mëttwoch un.

An domat ass wie genee viséiert?

Virun allem déi sougenannten Internet-Gigante wéi Google, Amazon, Facebook, Apple, Microsoft an TikTok. Déi Plattformen, déi deene méi klengen am Fong online absolut keng Chance loossen, well se hir dominant Positioun ausnotzen an Abuse bedreiwen. D'Sichfunktioun bei Google, mee och Facebook an Instagram gehéieren zu de gréissten Online-Annonceuren, Kritiker no kënnt et do zu Abusen, well d'Firme wichteg Daten iwwert d'Konsumente sammelen a se fir sech behalen.

De Marché soll also méi fair gereegelt ginn?

Andeems zum Beispill Bedreiwer net méi hir Logiciellen imposéiere kënnen oder ee se net desinstalléiere kann. Konkret Beispill: op engem iPhone soll een an Zukunft den App Store vun Apple kënnen duerch en anere System, fir Applikatiounen erofzelueden oder ze kafen, ersetzen. Dem Notzer soll et iwwerlooss sinn an net dem Bedreiwer.

A wa sech net un déi nei Reegele gehale gëtt?

Da kann d'EU-Kommissioun eng Enquête lancéieren a méi streng Sanktioune verhänken. Dat ka bis zu 10% vum weltwäite Chiffre d'affaires vun der Entreprise goen a souguer méi héich, wa se d'Reegelen e puermol brieche géif. Mir hu virdru puer vun de viséierten Online-Acteuren opgezielt wéi Google a Facebook, mee dat neit Gesetz viséiert awer net just déi. Et betrëfft am Fong all Plattform, déi vun iwwer 45 Milliounen Europäer am Mount benotzt gëtt a vun iwwer 10.000 Professionelle pro Joer an der EU. D'Lëscht wäert also sécherlech mat der Zäit nach méi laang ginn.