D’Populatioun a Gaza, d’Flüchtlinge brauchen e Waffestëllstand an d’Camione mat Hëllefsgidder mussen iwwert d’Grenz gelooss ginn.

Sécher wier et gutt, datt verschidde Länner elo aus der Loft Hëllefsgidder erabréngen, ma dat wier extrem wéineg par Rapport zu deem, wat gebraucht gëtt. Dat ass de Message Handicap International. De Jean-Pierre Delomier, ee vun den Direktiounsmembere vun der Hëllefsorganisatioun, war bis virun e puer Deeg zu Rafah a konnt sech e Bild op der Plaz maachen. Um Wee fir op Rafah hätt hie kilometerlaang Schlaange vu Camione mat Hëllefsgidder gesinn, déi virun der Grenz mat Ägypten waarden.

“Dat, wat aus de Fliger fale gelooss gëtt, dat ass eng Drëps par Rapport zu der humanitärer Hëllef, déi op der Grenz ass, just déi aner Säit vun der Grenz. Et ass also net esou, wéi wann dat eppes wier, dat ee laang misst nei organiséieren. D’humanitär Hëllef ass do. D’Prioritéit muss sinn, datt déi Hëllef an d’Gazasträif erakënnt.”

Aktuell géingen esou wéineg Hëllefsgidder a Gaza erakommen, datt et schwiereg wier se ze verdeelen, well d’Leit verzweiwelt wieren an nëmmen drop waarde géingen, datt d’Verdeelen ufänkt.

Handicap International ass zanter 1996 a Gaza aktiv. D’Aarbecht setzt sech zesummen aus der Ré-éducatioun vu Blesséierten, psychosozialer Hëllef an dem Verdeele vu Kitte mat Hëllefsgidder. E weidere Volet ass d’Educatioun wéi ee mat Bommen a Minnen ëmgeet a Geforen a Risiken evitéiert.