D'EU-Kommissioun geet dobäi esou wäit, datt een esouguer scho Saachen, déi en place sinn, réckwierkend ofschwächt.

Domadder reagéiert een op déi massiv Bauereprotester, déi et a ville Memberlänner vun der Europäescher Unioun gouf. Et gouf elo decidéiert, datt d'Flicht, fir Terraine brooch leien ze loossen, ganz ewechfält oder dat kleng Häff, déi manner wéi 10 Hektar hunn, net méi kontrolléiert ginn, ob si hir Ëmweltoplagen och wierklech agehalen hunn.

Bis ewell war vun der Gemeinsamer Agrarpolitik an der EU (kuerz GAP) virgesinn, datt Bauere ronn véier Prozent vun hiren Terraine misste brooch leie loossen. Doduerch sollt Terrain fir den Aarteschutz geschaaft ginn. D'Kommissioun hat dës Reegelung wéinst dem russesche Krich an der Ukrain awer ausgesat, fir sécherzestellen, datt genuch Liewensmëttel produzéiert ginn. Ma aus der Flicht, dës ze maachen, wëll een elo d'Bauere motivéieren, op dësem Punkt matzezéien. Esou heescht et vun der Kommissioun, datt Baueren, déi hei matmaachen, kee Verloscht an hirem Akommes wäerten hunn.

Kleng Häff dann, déi manner wéi zéng Hektar hunn, sollen net nëmmen net kontrolléiert ginn a Saachen Ëmweltoplagen, mä och solle si net bestrooft kënne ginn. Ronn 65 Prozent vun all de Betriber an der EU falen an dës Kategorie. Ma si beaarbechte grad emol 9,6 Prozent vum Terrain, dee fir d'Landwirtschaft genotzt gëtt.

Wat d'Ofwiesslung vun de Planzen, déi op den Ackerfläche ugesat ginn, betrëfft, gëtt vun enger Reegel, déi d'EU virgëtt, an eng Reegel, déi vun de Memberlänner decidéiert gëtt, ëmgewandelt. Esou soll hei gekuckt kënne ginn, wat an der Regioun Sënn mécht. Déi meescht Ännerunge wäerten eréischt 2025 a Kraaft trieden, verschiddener awer da réckwierkend op den 1. Januar vun dësem Joer. Dat bedeit dann och fir d'Baueren, datt si keng Sanktioune kréien, wa si d'Virschrëften net anhalen.

Zanter Méint war et jo a villen EU-Länner reegelméisseg zu Protester vun de Bauere komm, déi sech ënner anerem géint déi vill EU-Virschrëfte fir d'Landwirtschaft gewiert hunn.

Kritik koum dann awer vun Ëmweltschützer. "Amplaz sech fir en ökologesche a soziale Wandel an der Landwirtschaft anzesetzen, geet d'EU-Kommissioun virun der Agrarindustrie an d'Knéien", esou de Spriecher vun der däitscher Umwelthilfe géintiwwer der AFP. "Mat méi pauschalen direkte Payementer fir brooch Wisen a Weeden, déi e Réckzuchsraum fir vill Aarten bidden, steiere si de Klima- an Aarteschutz an der Landwirtschaft mat Vollgas an d'Mauer", seet de Sascha Müller-Kraenner weider.

Ënnerstëtzt gëtt d'Kritik ënner anerem och vun den däitsche Gréngen. Den neie Wee vun der EU-Kommissioun géif voll laanscht Zil goen an d'Virschléi wiere "komplett am Widdersproch". Déi Gréng fannen den Ofbau vun den Ëmweltstandarden "net akzeptabel".