Zanter Wochen ass et a Brasilien extrem waarm an dës Canicule huet Rekordtemperature mat sech bruecht.

Zu Rio de Janeiro louchen d'gefillten Temperaturen e Sonndeg dem nationale Wiederdéngscht no deelweis bei iwwer 62 Grad Celsius. Aktuell gëllt fir jidderee vun de ronn 6 Milliounen Awunner den Appell, all méi laangen Openthalt an der Sonn ze vermeiden a genuch Waasser ze drénken.

Am Quartier Guaratiba, am Weste vun der Metropol, wou virun allem dee gréissten Aarmequartier ass, ware gefillten Temperature vun 62,3 Grad gemooss. Dëst war deen héchste Wäert zanter den Opzeechnungen am Joer 2014. Déi reell Héchsttemperatur louch zu Rio de Janeiro e Sonndeg bei 42 Grad.