An der Nuecht op e Freideg bis fréi moies koum et zu engem vun de schrooste Loftugrëff vu Russland zanter Méint an dat direkt an e puer ukrainesche Stied.

Dem ukrainesche President Selenskyj no huet Russland d'Ukrain mat 90 Rakéiten an 60 Kampfdronen ugegraff.

Dem Buergermeeschter Ihor Terechow no gouf et zu Charkiw gutt 15 Explosiounen. An der Haaptsaach war d'Energieinfrastruktur viséiert. A villen Deeler vun der Stad gëtt et dowéinst Problemer mam Stroum an doduerch och mat der Waasserversuergung, well Pompelstatiounen, déi vum Stroum ofhängege sinn, net méi funktionéieren.

Et gi Berichter iwwer Aschléi a sämtlechen Deeler vun der Ukrain. Ënner anerem soll den Dnipro-Staudamm an der Géigend vu Saporischschja getraff gi sinn a stoung dono a Flamen.

De Bedreiwer Ukrhydroenergo huet den Ugrëff op de gréisste Staudamm an der Ukrain kuerz drop confirméiert. Et géing och am Kraaftwierk brennen, ma et géif keng Gefor duerch e Broch bestoen an d'Situatioun wier ënner Kontroll.

D'Stroumleitung vum Atomkraaftwierk Saporischschja wier gekappt ginn an d'Héichspannungsleitung Dniprowskaja wier och e Freideg de Moien ausgefall. Dat huet d'Leedung vum russesch besate Wierk op Telegram matgedeelt. Eng Ersatzleitung géif d'Stroumversuergung garantéieren.

Ukrainesch Autoritéite schwätze vu 7 komplett zerstéierte a 35 beschiedegte Gebaier an där Stad. Déi komplett Ausmooss vun de russesche Loftattacke wäerte eréischt an e puer Stonnen däitlech ginn.