E Mëttwoch an en Donneschden ass e Spezialsommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel zum Thema Bannemaart.

Spéitstens d'Corona-Pandemie huet gewisen, dass d'Liwwerkette vum EU-Bannemaart fragil sinn. Mat der russescher Invasioun an d'Ukrain gouf ville bewosst, wéi ofhängeg d'Europäesch Union bei Energiefroe war.
 
Ma e Mëttwoch den Owend geet et aus bekannten Aktualitéitsgrënn fir d'éischt ëm den Iran, Israel, Libanon an natierlech och d'Ukrain.

Wat sinn d'Enjeue vun dësem Sommet?

Wat gëtt sech vun dësem EU-Sommet erwaart? / Rep. Pierre Jans

Den europäesche Bannemaart gouf laang als grousse Succès ugesinn. Krisefest ass en awer net. An d'Konkurrenz – och den Alliéierten d'USA - kucken a Wirtschaftsfroen net ëm. Dëse Sommet ass net deen éischte Versuch, déi wichteg Froen am EU-Conseil ze beschwätzen. Mä och dës Kéier gouf am Virfeld an de bréisseler Couloiren diskutéiert, ob d'geopolitesch Tensiounen d'Staats- a Regierungscheffen net nees méi beschäftege wäerten. De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden seet Nee.

"Ech mengen net, dass dat eent dat anert wäert ewechdrécken. Mir wäerten haut iwwer geopolitesch Theme schätzen, wou mir der Ukrain eis staark Ënnerstëtzung wäerte confirméieren. Dann ass et noutwenneg, dass mir déi Attacke vum Iran op Israel gemeinsam condamnéieren. Et kann een net en anert Land esou ugräifen. Mir hunn och en Interêt drun, all d'Parteien do opzeruffen, sech elo ze berouegen. Et geet hei net nëmmen ëm e Konflikt tëscht zwee Länner. Et geet ëm de Risiko vun enger Eskalatioun an der ganzer Regioun, déi iwwregens en Noper ass vun Europa."

Dem Partner Israel misst een an d'Gewësse schwätzen. Géint den Iran kéint een dogéint Sanktiounen decidéieren, fir en Zeechen ze setzen. Wichteg ass dem Premierminister, dass d'EU-Memberstaate mat enger Stëmm schwätzen. Soss wär den Impakt vun der EU effektiv net ganz grouss. E Mëttwochowend spéit, respektiv en Donneschdegmoie fréi gëtt ee gewuer, ob de 27 dat gelongen ass.

Am Idealfall kënnen d'Staats- a Regierungscheffe sech en Donneschden op den EU-Bannemaart konzentréieren. De fréieren italieenesche Premierminister Enrico Letta wäert säi Rapport presentéieren. Deen devoiléiert eng Partie grouss Schwaachstellen. A wärend ee vum Luc Frieden virum Sommet zu der Aussepolitik éischter Generelles héieren huet, mierkt ee beim Thema Wirtschaft déi Joren, déi den haitege Premier an der Privatwirtschaft verbruecht huet, däitlech. Vill Reglementer géifen Hürde schafen, seet de Luc Frieden.

"Dat mierke besonnesch eis Kleng- a Mëttelbetriber, wa se wëllen iwwer d'Grenz schaffe goen. Dofir ënnerstëtze mir dat, wat och an deem Rapport vum Här Letta proposéiert gëtt. Mir wëllen dee Bannemaart verstäerken. Fir mech ass et wesentlech, dass de Bannemaart d'Kärstéck ass vu méi Kompetitivitéit vun Europa."

Bei de Reforme vum Bannemaart si Milliarden a Milliarde verlaangt. Suen, déi d'Memberstaaten net eleng opbrénge kënnen. Dofir wäerte Privater hëllefe mussen. De Luc Frieden ass an deem Sënn fir eng sougenannt Kapitalmaart-Unioun, un där zanter Jore gedoktert gëtt, wou Länner hir Reegelen op der Bourse zum Beispill harmoniséieren. De Premier ass awer géint eng zentral Plaz, wou déi Suen zesummekéimen.