Déi éischt Sëtzung vum aktuellen EU-Sommet war vun de globale geopoliteschen Tensioune gepräägt. Vill Neies gouf net festgehalen.

Och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet sech e Mëttwoch no der Sëtzung kuerz no Hallefnuecht missen iwwerwannen, fir Positives z'ernimmen.

De Krich an der Ukrain, d'Relatioun vun der EU mat der Tierkei an den Noen Oste stoungen um Programm. De Luc Frieden huet no der Reunioun ervirgehuewen, dass déi 27 Memberstaate sech an der Analys eens wieren.

"De Constat vun deenen dräi Dossieren, déi mir den Owend beschwat hunn, weist, dass d'Welt an enger ganz schlechter, schrecklecher Situatioun ass. Den Echange war dofir bei alle Sujete ganz schwiereg, nëtzlech an interessant."

Wat d'Ukrain ugeet: D'Unioun dierft net nëmmen Hëllef verspriechen, mee misst och liwweren.

"Dat geschitt, mä dat muss nach verstäerkt ginn. Och iwwer déi Instrumenter, déi verschidde Länner hunn, ewéi Loftofwierrakéiten an Änleches. Mä och Munitioun an aner Waffen. Déi muss een natierlech och Mol hunn."

Den ukrainesche President Selenskyj krut natierlech mat, wéi positiv d'Loftdefense géint déi iranesch Attack op Israel vun de westleche Leaderen déi lescht Deeg ervirgehuewe gouf. Am Video-Appell an d'Sëtzung vum Conseil huet hien déi selwecht Ënnerstëtzung aus der Loft mat Nodrock fir seng Ukrain verlaangt. Et ass och hei zu Bréissel kee Geheimnis méi, dass d'Ukrain dee Krich wierklech kéint verléieren, wann net méi Ënnerstëtzung och vun den EU-Memberstaate kënnt. Modern Ofwiersystemer géint Dronen a Rakéite fir d'Ukrain? E puer Doutte bleiwe wuel, well een eng Konfrontatioun mat engem atomare Russland op alle Fall wëll evitéieren. Dofir huet de Luc Frieden bei der Nofro e bësse méi gezéckt.

"Et muss een der Ukrain all déi Mëttele ginn, déi se brauch, fir sech kënnen ze verdeedegen. Dat maachen déi eenzel Länner. Ech mengen, dass et net vill bréngt, fir ëffentlech ze soen, wat fir eng Moyenen een engem Land zur Verfügung stellt."

Den Noen Osten dann, wou scho méi fréi dës Woch d'EU-Ausseministeren iwwer méiglech Sanktioune géint den Iran diskutéiert hunn. Ware se och um Niveau driwwer Thema?

"Dat war net den Haaptpunkt vun den Diskussiounen den Owend. Déi Diskussioune musse weidergoen. Wesentlech ass, dass mir festhale konnten, dass den Iran eng grouss Gefor ass."

D'EU-Positioun also onverännert: De Wee preparéiere fir Fridden am Noen Osten an an der Ukrain. Mee dofir brauch et e laangen Otem. En Donneschdeg geet et dann drëm, den Europäesche Bannemaart nees fit ze maachen. Well och do gëllt: et gouf scho besser Zäiten.