An de leschten Deeg koum et zu Äerdbiewen, an der Nuecht op en Donneschdeg ass de Vulkan op der indonesescher Insel Ruang direkt e puer Mol ausgebrach.

Deeler vun der Insel am Sangihe-Archipel riskéieren, an d'Mier ze falen, sou den Zenter fir Vulkanologie a geologesch Geforenofwier (PVMBG). Dowéinst gouf et och eng Tsunami-Warnung. Dausende Mënsche goufen a Sécherheet bruecht, dorënner sämtlech Awunner vun der betraffener Insel. Am Ganze goufen iwwer 11.000 Leit opgefuerdert, d'Gebitt ze verloossen. Touriste sollen op d'mannst 6 Kilometer Ofstand zum Ruang-Vulkan anhalen.

Op der Vulkaninsel nërdlech vu Sulawesi koum et an de leschten Deeg zu heftegen Eruptiounen. E Mëttwoch huet de 725 Meter héije Vulkan ugefaangen, Wolleken aus Äschen a Steng eng 3.000 Meter héich an den Himmel ze späizen. Dëst ass och op der Insel Tagulandang de Fall, 5 Kilometer méi wäit ewech. Do gouf een Awunner blesséiert, wéi e Porte-parole vum Katastropheschutz matgedeelt huet.

En Donneschdeg ass de Fluchhafen zu Manado, der Provënzhaaptstad vun Nord-Sulawesi, präventiv zougemaach ginn. Och Flich tëscht der malaysescher Haaptstad Kuala Lumpur an de Bundesstaate Sarawak a Sabah op der Insel Borneo si gestrach ginn.

An Indonesien, dat an der geologesch aktiivster Zon vun der Welt läit, si Vulkanausbréch an Äerdbiewe keng Seelenheet. De Ruang hat viru méi wéi 150 Joer schonn emol en heftegen Tsunami ausgeléist. Bei der Naturkatastroph 1871 sinn iwwer 400 Mënschen ëmkomm.

RTL

© RTL Grafik