EU-Ausseministere beroden iwwer Militärhëllefe fir d'Ukrain a Lag am Noen Osten

© AFP/Archiv/Kenzo TRIBOUILLARD
Schonn e Mëttwoch hate sech d'EU-Staats- a Regierungscheffen drop gëeenegt, nei Sanktioune géint den Iran ze decidéieren. Elo geet et ëm d'Detailer.
Engersäits sollen d'iranesch Revolutiounsgarde mat Sanktioune viséiert ginn, wat awer nach juristesch gekläert muss ginn. Dozou den éisträicheschen Ausseminister Alexander Schallenberg: "Et ass eigentlech e symboleschen Akt, well d'Revolutiounsgarden de facto ënner Sanktioune stinn. Mir hu se just nach net zu enger Terrororganisatioun erkläert, mee wann dat méiglech ass, soll et och eng Iwwerleeung sinn."
D'Sanktioune riichte sech dann awer och géint d'Liwwerung an d'Produktioun vun iranesche Rakéiten an Dronen. D'belsch Ausseministesch Hadja Lahbib huet am Virfeld vun der Reunioun e Méindeg de Moien iwwerdeems betount, datt et un der Zäit wier, sech als europäesch Unioun kloer am Konflikt tëscht Israel a Palästina ze positionéieren:
"Mir kënnen eis net méi drop limitéieren, e Waffestëllstand an d'Fräiloossung vun de Geiselen ze fuerderen, wärend weider all Dag Leit stierwen. D'Belsch plädéiert fir e Prozess, deen dozou bäidréit, datt Palästina als Staat ugesi gëtt. Dat ass e kruziale Punkt fir eng Zweestaateléisung."
Weidere Sujet um Kierchbierg ass d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain. Déi däitsch Ausseministesch Annalena Baerbock huet den Appell gemaach, datt all d'Memberstaate weider an d'Loftofwier investéiere sollen:
"Well all weider Loftverdeedegungssystem rett Mënscheliewen an der Ukrain. Dofir musse mer eis Ressourcen an deem Beräich zesummeleeën."
D'Annalena Baerbock begréisst an deem Kontext och d'Decisioun vum US-Representantenhaus, fir nei Militärhëllefe fir d'Ukrain. Den éisträicheschen Ausseminister huet iwwerdeems betount, et géif een d'Ukrain zwar weider humanitär ënnerstëtzen, hinnen awer kee Krichsmaterial liwweren.