"Race4Europe" ass eng benevole Initiativ vun 3 Pro-Europäer, déi an Däitschland liewen a sech fir d'Demokratie staark maachen.

Si hu sech en Vue vun den Europawalen d'Zil gesat, Kiew symbolesch mat Stroossbuerg ze verbannen. Hir Aktioun steet ënnert dem Patronage vum Europäesche Parlament.

Ugangs Mee hu sech déi 3 Membere vum Veräin "demokratieverliebt" an der ukrainescher Haaptstad mam Vëlo an Direktioun Frankräich op de Wee gemaach. Dobäi goung et fir d'Hobby-Cyclisten duerch Polen, Däitschland, d'Belsch, Holland an och Lëtzebuerg. RTL huet d'Ekipp vu "Race4Europe" um Méindeg den 20. Mee zu Hesper getraff.

Zu hiren Haaptziler gehéiert et virop, jonk Leit fir Europa ze begeeschteren, well déi d’Zukunft vun der europäescher Iddi sinn. Zweetens wëll een d'Bierger an Europa dovun iwwerzeegen, bei den Europawalen vun hirem Walrecht Gebrauch ze maachen. Schlussendlech wëll d'Ekipp vu "Race4Europe" Solidaritéit mat der Ukrain weisen a kloerstellen, dass d'Land och zu Europa gehéiert an net sollt vergiess ginn.

Fir Fridden, Fräiheet an Demokratie setze sech den Timo Albeshausen an d'Kim an de Jairo Nordmann an. Esou steet et och op hirer Fakel, déi déi 3 Hobby-Cycliste vu Land zu Land droen. Se soll en Vue vun de Walen den 9. Juni den europäeschen Zesummenhalt symboliséieren. Eng éischte Kéier gouf d'Flam vu jonke Schüler zu Kiew ugemaach.

D'Initiateure vu "Race4Europe" hu versicht, op all hiren Tëschestatiounen mat Jonken an d'Gespréich ze kommen. Bei verschiddene Workshoppen hu si de Schüler Froe ronderëm d'EU, d'Zukunft vun Europa an iwwer hir Dreem gestallt.

Wéinst dem Feierdag konnt d'Ekipp zu Lëtzebuerg keng Schoulklass treffen, dofir gouf awer eng Entrevue mat der CSV-Europadeputéiert Martine Kemp geplangt.

Um Mëttwoch den 22. Mee wëllen d'Kim, de Jairo an den Timo Stroossbuerg mam Vëlo erreechen. Do wëlle se dann engem Vizepresident vum Europaparlament hir speziell Fakel iwwerreechen an de Projet "Race4Europe" promouvéieren.