Logement a Kompetitivitéit um Sommet

© Dursun Aydemir / ANADOLU / Anadolu via AFP
Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffe kommen an den nächste Stonnen zu Bréissel beieneen.
Ewéi allkéiers déi lescht Joren dominéieren de Krich an der Ukrain an d’fragil Situatioun am Noen Osten d’international Dagesuerdnung. Wat déi méi réng europäesch Sujeten ugeet, geet et ewéi gewinnt och rëm vill iwwer d’Wirtschaft, mee et gëtt och Neiland.
Bal 35 Joer nodeems eis Chamber zeréckbehalen huet, datt de Manktem u bezuelbare Wunnenge riskéiere géing, eng grav sozial Kris auszeléisen, ass d’EU elo erwächt. D’EU-Kommissioun huet eng Rei Beräicher identifizéiert, wou se kéint asprangen, dorënner europäesch Investissementer an den abordable Wunnraum, méi labber Reegele fir staatlech Hëllef am Beräich Logement, puer Floskelen ewéi "Strategie" an "Dialog" a "Kampf" géint héich Energiepräisser an Aarmut. Dann eppes, wat eis Stater Gemeng kéint nervös maachen: se wëll géint eidel oder ënnerbesat Gebaier goen. Jo, d’EU huet festgestallt, datt den Zesummenhalt an der Gesellschaft leit, wann d’Leit sech keng Wunneng kënne leeschten.
D’Demokratie ass der EU no aus anere Grënn nach a Gefor an zwar wéinst Desinformatioun an Afloss vu Baussen: d’Staats- a Regierungscheffe kéinten iwwer Propose vun der Kommissioun fir den "democracy shield" (d’Schutzschëld) diskutéieren. Et geet haaptsächlech drëm, fir Interferenze bei Walen z’ënnerbannen, notamment duerch "Prebunking" also eppes als falsch enttarnen, iert et de Schued ugeriicht huet.
Europäesch-Lëtzebuergesch Parallellen
Europa muss fir seng Plaz an der Welt kämpfen, hat d’EU Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen am September an hirer Ried zur Lag vun der Unioun gesot. Dowéinst stinn op der Dagesuerdnung vum EU-Sommet och: Defense, mat weiderer finanzieller a materieller Ënnerstëtzung fir d’Ukrain, mee och eege Moyene fir ofzeschrecken. An d’Kompetitivitéit. Jo, d’EU wëll onofhängeg an net méi engem Land ausgesat sinn. Dofir wëll se d’Duebel-Transitioun virundreiwen: Digitaliséierung an Ekologie. D’EU nennt se "Zwilling".
Woubäi zanter de leschten EU-Wale viru méi ewéi engem Joer, de Fokus kloer bei der Kompetitivitéit läit. Dozou gehéiert d’Sich ouni Enn nom Loch-Ness-Monster: der administrativer Vereinfachung. Rëm eng Parallel mat der nationaler Politik: prozedural Obstakel sollen ofgebaut ginn, Demarchë méi einfach an eenzel Obligatiounen oder Rapporten ofgeschaaft ginn. D’Zivilgesellschaft huet dat scho ferm verurteelt.
Am Géigesaz zu heiheem sinn dann d’Diskussiounen ëm d’ëffentlech Finanzen op EU-Niveau och vill méi delikat. De Budgetskader fir d’Joren 2028 bis 2034 ass deels an dréchenen Dicher. D’Verhandlungen, de Bras-de-fer tëscht de Memberstaate, mee och de verschiddene Ressorte kéinte bis d’iwwernächst Joer daueren.
Leschte Punkt um Ordre du jour ass nees d’Migratioun. D’Staate streiden ënnert anerem weider doriwwer, wie méi oder manner Responsabilitéit fir Asyldemandeuren huet. Dat erënnert nees un eis Gemengen.