Am Ukrain-Krich gouf et an der Nuecht op e Freideg massiv Bombardementer vum ukrainesche Militär op russesch Positiounen op der Hallefinsel Krim.

D'Gebitt ëm d'Stad Simferopol mat ëmmerhi méi wéi 300.000 Awunner war am Viséier. Et hätt Doudeger ginn, heescht et vu russescher Säit, a vill Blesséierter.

Dat selwecht Bild en Donneschdeg da ronderëm d'ukrainesch Stad Charkiw, wou nees russesch Rakéiten ageschloe sinn. Och do gouf et Doudesaffer, op d'mannst 7, huet d'Ukrain confirméiert.

E russesche Kampffliger wier iwwerdeems erofgeschoss ginn.