900.000 Reservisten an Däitschland sollen aktivéiert ginn

D'FDP-Politikerin huet sech alarméiert gewisen iwwert déi méiglech Ugrëffspläng vu Russland géint de Westen.
Dofir ass et hir Fuerderung, déi ronn 900.000 Reservisten an Däitschland z'aktivéieren. Et misst ee sou séier wéi méiglech verdeedegungsfäeg sinn, sot Si den Zeitunge vun der Funke Mediengruppe. De Vladimir Putin géif säi Vollek op Krich trimmen an et a Stellung géint de Weste bréngen. Et géinge Schoulbicher gedréckt ginn, déi Däitschland als Aggresseur géinge weisen a Kanner am Grondschoulalter géingen u Waffen ausgebilt ginn. Dat géing engem Angscht maachen, sou d’Strack-Zimmermann. Et misst een elo ufänken, all déi fréier Memberen vun der Bundeswehr systematesch ze lokaliséieren a se anzeplangen fir d’Defense vum Land. D'Bundeswehr hätt d'Zaldoten, déi net méi am aktiven Déngscht sinn, zanter Joerzéngten net méi erfaasst.