Op d'mannst 40 Blesséierter no Kollisioun tëscht zwee Zich an Tschechien
© Photo by ERIC BERACASSAT / HANS LUCAS / HANS LUCAS VIA AFP
Nodeems zwee Zich am Süde vun Tschechien kollidéiert sinn, goufe 40 Leit blesséiert, dorënner zwee schwéier.
Bei enger Kollisioun tëscht zwee Zich am Süde vun Tschechien sinn no Aussoe vun den Noutdéngschter op d'mannst 40 Persoune blesséiert ginn. "40 Mënschen hu liicht Verletzungen an zwee goufe schwéier blesséiert", sot eng Spriecherin vum tschechesche Rettungsdéngscht en Donneschdeg der Noriichtenagence AFP.
Den Accident ass no bei der Stad Budweis (Ceske Budejovice) geschitt, ronn 150 Kilometer südlech vu Prag.
D'Kollisioun wier géint 6.19 Auer gemellt ginn. All Passagéier wieren aus de betraffenen Zich gerett ginn, huet e Spriecher vum staatlechen Eisebunnsbedreiwer Sprava zeleznic erkläert.
Eng Ermëttlung, fir d'Ursaach vum Accident ze klären, gouf lancéiert.