Déi héchst Rente ginn et am Saarland an an Nordrhein-Westfalen
© FRANK HOERMANN / SVEN SIMON / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP
Dem neie Rentenatlas vun der Deutschen Rentenversicherung no kréie Männer däitlech méi héich Pensioune wéi Fraen.
Am Saarland an an Nordrhein-Westfalen sinn d'Renten an Däitschland am héchsten. Dat geet aus dem Rentenatlas vun der Deutschen Rentenversicherung ervir, deen en Donneschdeg publizéiert ginn ass. Déi duerchschnëttlech Brutto-Rent no mindestens 35 Versécherungsjore louch d'lescht Joer am Saarland bei 1.805 Euro an an Nordrhein-Westfalen bei 1.773 Euro de Mount. Dohanner kënnt de fréieren Ostdeel vu Berlin mat 1.756 Euro a Baden-Württemberg mat 1.755 Euro.
Déi niddregst Pensioune kréien d'Leit am Oste vun Däitschland. Thüringen (1572 Euro), Sachsen-Anhalt (1580 Euro), Mecklenburg-Vorpommern (1591 Euro), Sachsen (1594 Euro), de fréiere Westdeel vu Berlin (1631 Euro) a Brandenburg (1640 Euro) leien op de leschte Plazen. An der Moyenne läit déi däitsch Brutto-Pensioun bei 1.692 Euro.
Männer kréien am Schnëtt mat 1.892 Euro däitlech méi héich Renten ausbezuelt wéi Frae mat 1.459 Euro. Déi héchste Pensioune fir Männer gëtt et mat duerchschnëttlech 2.013 Euro a Baden-Württemberg, déi niddregst a Mecklenburg-Vorpommern mat 1679 Euro. Bei Fraen ass de Montant am fréieren Oste vu Berlin mat 1.696 Euro de Mount am héchsten. Déi niddregst Moyenne gëtt et fir Fraen a Niedersachsen mat 1.394 Euro.
Déi meescht Rentnerinnen a Rentner (3,65 Milliounen) liewen a Nordrhein-Westfalen an a Bayern (2,63 Milliounen).