Duerch déi nei Front bei Charkiw an der Ukrain, ass Beweegung an al Diskussiounen iwwer sougenannte rout Linnen am russeschen Ugrëffskrich komm.

An der leschter Woch huet sech a ganz Europa vill gedoen am Bezuch op de Krich an der Ukrain. No Frankräich an den USA huet sech elo och Däitschland dofir ausgeschwat, dass d'Ukrain westlech Waffen och fir Ziler op russeschem Territoire asetzen dierf. Eng Analys vum Claire Schmartz vu Berlin.

Nei Situatioun an der Ukrain - Eng Korrespondenz vum Claire Schmartz

Duerch déi nei Front bei Charkiw an der Ukrain, ass Beweegung an al Diskussiounen iwwer sougenannte rout Linnen am russeschen Ugrëffskrich komm. Hei kënnt et aktuell zu schwéieren Attacken, vun deene virun allem d'Zivilbevëlkerung betraff ass. Als Reaktioun koum och d'Fro op, ob een den Iwwerfall op des Grenzregioun hätt evitéiere kënnen, wann d'Ukrain och militäresch Ziler op russeschem Territoire mat Waffen aus dem Westen ugräifen dierft – eppes, wat zwar vëlkerrechtlech erlaabt ass, d'EU allerdéngs an hirem Ofkommes iwwer d'Waffeliwwerunge kategoresch ausgeschloss huet. D'Ukrain huet zwar och scho virun der leschter Woch militäresch an infrastrukturell Ziler a Russland wéi Dronefabricken, Flughäfen oder Raffinerië cibléiert, allerdéngs just mat eegener Munitioun.

Leschte Mëttwoch huet du Frankräich bekannt ginn, dass si derfir wieren, d'Aschränkunge vum Asaz vu franséische Waffen opzehiewen, wéi et och scho Schweden, Groussbritannien, Polen an d'baltesch Staaten erlaben. Déi Ausso vu Frankräich – eng Atommuecht an der NATO no de wichtegste militäresche Player an Europa – huet e grousst Gewiicht bannent der EU. Ugangs war déi däitsch Reaktioun nach verhalen, mee net kategoresch géint dës nei Approche. Sou sot de Bundeskanzler Olaf Scholz e Mëttwoch:

"Die Ukraine hat völkerrechtlich alle Möglichkeiten für das, was sie tut. Sie ist angegriffen, sie darf sich verteidegen."

An de leschten zwee Joer waren déi däitsch militäresch Decisiounen ëmmer enk un d'Mesuren aus den USA gekoppelt. En Donneschden huet den US-amerikaneschen Ausseminister Anthony Blinken beim NATO-Ausseministertreffen du bekannt ginn, dass och d'USA den Asaz vun hire Waffen erlaben, allerdéngs just em Charkiw.

E Freiden ass elo och Däitschland wéi ze erwaarden nogezunn. De Verdeedegungsminister Borius Pistorius vun der SPD huet bekannt ginn, dass och d'Bundesregierung den Asaz vun däitscher Munitioun géint strategesch Ziler op russeschem Territoire erlaabt a gesäit doran:

"Das ist eine, wie gesagt, eine strategische Anpassung an sich verändernde Lagebilder."

Dëst ass eng wichteg Decisioun fir Europa an och fir Däitschland, wou den EU-Walkampf grad op Héichtoure leeft. Duerch déi nei Erlabnis kann d'Ukrain präventiv Missiounen duerchféieren a verstäerkt strategesch an infrastrukturell Ziler ugräifen. Et ass och en Zeechen, dass weider Eskalatiounen net toleréiert ginn an d'EU an d'NATO nei, eege rout Linne festleeën. De Krich ass deemno an enger neier Phas.