Putin nennt Konditioune fir Friddensgespréicher, Ukrain refuséiert

Ënner anerem missten ukrainesch Truppen aus véier Regiounen ofgezu ginn an zwar Donezk, Luhansk, Cherson und Saporischschja.
D'Ukrain misst dernieft offiziell deklaréieren, datt d'Land op eng Memberschaft an der Militärallianz NATO verzicht an also entspriechend Pläng stoppt. Dee Moment géing een direkt ophale mat schéissen, léisst de Kreml wëssen.

© AFP
Kiew gëtt deene Proposen e Kuerf. Dës wieren net eescht ze huelen. De Putin wéilt domat erreechen, datt d'Ukrain eng Defaite géing unerkennen, heescht et vum ukrainesche Presidente-Büro. Et géing sech hei ëm e Versuch handelen, een Dag virun der Ukrain-Konferenz an der Schwäiz d'Agenda ze beaflossen.
Den Haaptquartier vun der NATO fir d'Koordinatioun vu Waffeliwwerungen a fir Formatioune vun ukrainesche Militärleit kënnt op Wiesbaden an Däitschland. Dat mellt iwwerdeems d'Agence dpa.