Héich komplizéierten Asaz fir d'Air Rescue zu Léck
Mam Helikopter vun der Air Rescue goufen d'Persoune vun de Balcone vun der "Résidence Kennedy" zu Léck gerett.
D'Lëtzebuerger Air Rescue an e Spezialist vum CGDIS sinn e Méindeg den Owend op e spektakulären Asaz op Léck geruff ginn, mat Biller wéi ee se éischter aus engem Film kennt.
An engem vun den héchste Gebaier zu Léck, an der 85 Meter héijer "Résidence Kennedy" huet et gebrannt.
D'Feier war am Nomëtteg am Keller ausgebrach an den Damp huet sech séier iwwert déi technesch Gainë vum Gebai verbreet. D'Leit goufen doropshi vun den Autoritéiten opgefuerdert, op hire Balconen ze bleiwen a géint 19 Auer ass d'Lëtzebuerger Air Rescue geruff ginn, fir bei der Evakuatioun ze hëllefen.
Wéinst dem villen Damp konnten d'Leit op de leschte vun de knapp 30 Stäck d'Gebai net iwwert eng Pompjeesleeder oder duerch d'Trapenhaus verloossen, mä hu musse mam Helikopter gerett ginn.
De President vun der Lëtzebuerger Air Rescue René Closter seet, hie kéint sech net drun erënneren, datt scho jee esou eng Missioun an Europa geflu gouf.
"Et ass héich, héich komplizéiert, fir op esou engem Gebai Leit vun de Balconen erofzehuelen. Do kënnt eis eis Experienz vun iwwer 35 Joer ze gutt an deen enormen Trainingsopwand, dee mir all Joer mam CGDIS maachen, fir déi do Zort vun Hëllefsmoossnamen iwwerhaapt kënnen ze fléien. Dat do ass ongeféier mat dat Komplizéiertst, wat et eigentlech an der Helikopterrettung gëtt."
Aus deem Grond mussen d'Membere vun der Ekipp héich professionell sinn. Am Prinzip si bei esou enger Missioun dräi Leit involvéiert.
"Dat eent ass den héich erfuerene Pilot, mat ganz ville Fluchstonnen, mat ganz vill Erfarung, well déi muss een hunn, fir esou en Asaz kënnen ze fléien. Engem Wingman, wéi mir en nennen, deen uewen op de Kufe steet an dann eng Persoun aus der Grimp-Spezialunitéit vum CGDIS, deen um Seel hänkt an dann d'Leit mat engem Harnais ustréckt a se da vun de Balconen erofgeholl huet."
Esou Missioune kann een nëmmen iwwerhuelen, wann ee reegelméisseg trainéiert. Genee dat maachen d'Lëtzebuerger Air Rescue an de CGDIS e puer Mol am Joer, seet de René Closter. Et ass wichteg, datt déi kleng Ekipp sech an esou engem Fall quasi blann vertraue kann.
"De Wingman huet d'Aufgab, fir den Interlocuteur ze sinn tëschent dem Sauveteur, deen um Seel hänkt an dem Pilot, well de Pilot gesäit eigentlech net no ënnen. Dee gesäit net, wou hien drun ass, a muss sech zu honnert Prozent op déi Donnéeë kënne verloossen, déi e vum Wingman kritt."
Dat huet zu Léck alles geklappt an d'Lëtzebuerger Ekipp huet op déi Manéier eng Rei Leit vun hirem Balcon gerett, déi eng Dampvergëftung haten an net méi anescht do erofkomm wieren. Si goufe vum Helikopter no an no op de Buedem bruecht a sinn du mat Ambulanzen an d'Spidol transportéiert ginn.