D'Feier ass schonn um Méindeg am Nomëtteg an de Kellere vun der Residence ausgebrach an et huet sech vill Damp am ganze Gebai ausgebreet.

An der Tour Kennedy wunnen iwwer 250 Leit a si goufen no an no evakuéiert. Si hunn eng Alerte vun den Autoritéite kritt, an där se opgefuerdert ginn, op hire Balconen ze bleiwen.

D'Lëtzebuerger Air Rescue hëlleft, fir eng 20 Persounen all Kéier zu 2 an 2 iwwer Seeler an den Helikopter a Sécherheet ze hiewen.

De Buergermeeschter Willy Demeyer hat an engem Message op X assuréiert, datt keng Mënschen ëm d'Liewe koumen. Dëse Message gouf an der Nuecht awer revidéiert, well eng Persoun d'Feier net iwwerlieft huet. 14 Leit koume an d'Spidol, gréisstendeels mat Dampvergëftungen. Zwee vun hinne goufen awer och schwéier verwonnt.
 
En Helikopter vun der Air Rescue an e Lëtzebuerger Spezialist vum "Groupe de reconnaissance et d'intervention en milieu périlleux (GRIMP)" vum CGDIS waren op der Plaz fir ze hëllefen. 
 
Den Tuerm ass 85 Meter héich an d'Leit kënnen net alleguer iwwer Pompjeesleedere vu baussen evakuéiert ginn. D'Evakuatioun duerch d'Gebai selwer ass och méi schwiereg, well den Damp sech iwwert d'Gaine technique am ganze Gebai ausgebreet huet.

Hei dat offiziellt Schreiwes: 

LAR-Hubschrauber aufgrund eines Brandes im Kennedy-Turm in Lüttich angefordert

Am Montag, den 24. Juni, brach am frühen Nachmittag ein Feuer in den Kellern des Kennedy-Turms aus, einem 27-stöckigen Gebäude mit fast 220 Wohnungen in Lüttich.

Ein Teil der Bewohner konnte das Gebäude nicht verlassen, viele von ihnen flüchteten auf ihre Balkone und warteten darauf, von der Feuerwehr evakuiert zu werden.

Da es für die Feuerwehr schwierig war, die oberen Stockwerke zu erreichen, insbesondere weil die Leitern nicht hoch genug sind, riefen die belgischen Behörden die Einsatzteams der LAR zur Hilfe. So wurde der Rettungshubschrauber der Luxembourg Air Rescue, ausgestattet mit einer Seilwinde, zur Verstärkung angefordert, um den bereits zahlreichen Rettungskräften vor Ort zu helfen.

Am frühen Abend startete ein LAR-Einsatzteam, in Zusammenarbeit der GRIMP (Groupe de
reconnaissance et d’intervention en milieu périlleux) des CGDIS, speziell ausgebildet für
Windenoperationen und bestehend aus einem erfahrenen Piloten, einem LARSeilwindenoperator und einem Rettungsspezialisten, vom Findel und machte sich sofort auf den Weg nach Lüttich.