Et wier wichteg gewiescht, séier eng Decisioun ze hunn an ze weisen, dass d'EU effikass ka schaffen.

Dat sot den Nach-Rotspresident Charles Michel op der Ofschlosspressekonferenz nom EU-Sommet. Dat haten déi 27 Staats a Regierungscheffe wuel esou eescht geholl, dass si amplaz de geplangten zwee just een Dag gebraucht hunn. Ma och wann ënnert de Premieren a Presidenten d‘Majoritéit zefridden ass mat de proposéierten Nominatioune fir d'Spëtzeposten, mussen der zwee dovun elo Mol nach vum Europaparlament guttgeheescht ginn. An dat ass manner evident, wéi een dat vläicht géif mengen.

Als éischt muss d‘Ursula von der Leyen als al-nei Kommissiounspresidentin vum Parlament gewielt ginn. An eleng dat kéint enk ginn. Hir Nominatioun gëtt jo vun enger informeller Koalitioun vun de konservativen, sozialdemokrateschen a liberale Fraktioune gedroen. Ma déi Majoritéit ass zimmlech dënn. D‘Ursula von der Leyen brauch nämlech op d‘mannst 361 Stëmme vun de 720 Deputéiert. Déi dräi Fraktiounen zesummen hunn eppes manner wéi 400 Deputéiert. A priori géif dat jo duergoen.

Ma et muss een domat rechnen, dass eng 10 Prozent vun den Deputéiert aus dësen dräi Fraktiounen net wäerte fir si stëmmen. Ënnert anerem déi franséisch Republicains hu schonn annoncéiert, d‘Ursula von der Leyen net z‘ënnerstëtzen. Si brauch also Ënnerstëtzung aus anere Fraktiounen, fir sécher ze sinn, effektiv gewielt ze ginn.

Op aner Plaze Stëmme fänken ze goen ass awer eng Gratwanderung. Kuckt si sech bei der Fraktioun vun der rietspopulistescher italieenescher Ministerpresidentin Giorgia Meloni ëm, ass si d‘Stëmme vun de Sozialisten an de Liberale lass. Sicht si Ënnerstëtzung bei deene Gréngen, kascht dat si warscheinlech Stëmme bei hirer eegener Fraktioun, notamment vun den däitsche Chrëschtdemokraten.

Si huet also elo eng schwiereg Aufgab viru sech. Déi nächst zwou Woche bis zum Vott am Europaparlament den 18. Juli, wäert si also nach eng Partie Iwwerzeegungsaarbecht musse leeschten. Dat fir dass de Succès vum EU-Sommet, deen d‘Staats- a Regierungscheffen an der Nuecht op e Freideg proklaméiert hunn, net op eemol zu enger batterer Defaite gëtt.

Vu Fraktioun zu Fraktioun

Reaktiounen op d'EU-Spëtzeposten / Reportage Dany Rasqué

Fir d'Iwwerzeegungsaarbecht ze maachen, geet déi designéiert EU-Kommissiounspresidentin elo emol vu Fraktioun zu Fraktioun. Sou ganz sécher ka si sech den Ament eben nach net sinn, datt si am EU-Parlament déi 361 Stëmme kritt, déi se brauch. Do géif et schonn hëllefen, wann d'Ursula von der Leyen zum Beispill d'Ënnerstëtzung vun deene Gréngen hätt, mä déi gëtt et och net ëm all Präis.
 
Dat ënnersträicht déi Gréng Europadeputéiert Tilly Metz am RTL-Interview. Hir Fraktioun wier bereet, hir Responsabilitéit als pro-europäesch Partei ze huelen, mä et gi gewësse Konditiounen: "Et geet schonn drëm, datt de Green Deal da muss weidergefouert ginn, mä e muss och sozial méi gerecht ginn a mir wëllen natierlech eng bedéngungslos Verdeedegung vum Rechtsstaat an Europa an dat heescht eben och Schutz vu Minoritéiten, Schutz vu Fraerechter an eng human Asylpolitik."

Nodeems d'Staats- an d'Regierungscheffe sech iwwer d'Spëtzeposten eens sinn, muss also elo nach vill op den Inhalter geschafft ginn, fir datt d'Ursula von der Leyen ka sécher sinn, datt si am EU-Parlament Gréng Luucht kritt. Den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen begréisst, datt d'EU-Staats- a -Regierungscheffe sech esou séier iwwer d'Nimm op de Spëtzeposten eens gi sinn. "Dat weist hir Responsabilitéit natierlech, well mir kënnen eis et net erlaben, datt d'Europäesch Unioun ouni deen néidege Leadership do steet an datt mer tëschent zwou Kommissiounen an deem aktuell ugeheizte geopolitesche Kontext Zäit géife verléieren."

Wann d'Ursula von der Leyen bis am EU-Parlament confirméiert ass, ass et un hir, fir d'Memberstaaten ze kontaktéieren: "...fir d'Nominatiounen ze maachen. Deem soll een elo net virgräifen an et ass elo wichteg, eng Etapp no där anerer ze huelen."

Ënnert deenen Nominatioune sollt dem Koalitiounsaccord jo och den Numm vum Christophe Hansen sinn. Ob hie Member an der Kommissioun ka ginn, gëllt awer als net méi ganz esou sécher. De Premier Luc Frieden seet, do géife vill Facteure matschwätzen an d'Sozialdemokraten am Europaparlament sinn dovunner iwwerzeegt, datt den Nicolas Schmit dohinner gehéiert. Den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel. "Bei mir an der Fraktioun huet all Delegatioun aus all de Länner ëmmer gesot, datt an engem pak och de Spëtzekandidat vun där zweetgréisster politescher Famill muss dobäi sinn an dofir mengen ech, datt et nach net eriwwer ass fir den Här Schmit, dass en nach grouss Chancen huet e ganz wichtege Posten an där Kommissioun ze kréien. dat hänkt natierlech och vum Här Frieden of. Ass den Här Frieden e groussen Europäer oder gesäit e just seng kleng CSV?”

Renew Europe, déi liberal Fraktioun an där och de Charles Goerens vertrueden ass, huet wësse gedoen, dass déi nei Koalitioun an déi nei Kommissioun dräi Exigenze muss erfëllen. Et misst e Kommissär fir d’Simplifcation administrative geschaaft ginn, et misst eng europäesch Konventioun lancéiert ginn, fir d’Traitéen ze reforméieren, an et misst ee wat d’Vergréisserung vun der EU ugeet, méi däitlech gi wat ee wëll a wéi ee gewëllt ass, d’EU beieneen ze halen an ze stäerken.