Den Norm Veenstra ass net just e passionéierte Museker, mee och zanter Laangem ee groussen Joe-Biden-Fan.

Datt de President nach fit ass, fir d’USA weider véier Joer laang ze regéieren, dovunner ass de Bouf vun enger gebierteger Lëtzebuergerin awer net iwwerzeegt: "Ech hu schonn ëmmer fonnt, datt de Biden zum richtegen Zäitpunkt soe sollt, datt hie just President fir eng Mandatsperiod wier." 

Dat hätt dem Demokrat d’Méiglechkeet ginn, seng Politik véier Joer laang duerchzezéien, amplaz elo Walkampf ze maachen an den Attacke vum deem "Aneren" ausgesat ze sinn. Mat deem "Aneren" ass den Donald Trump gemengt. Den Norm Veenstra wëll den Numm vum Republikaner net ausschwätzen.

Egal wéi, besser de Biden eng zweete Kéier als President, wéi den Donald Trump, fënnt d’Amy Chidester. Si ass d'Urenkelin vun engem Lëtzebuerger, deen 1906 an d’USA ausgewandert ass an huet zanter 2021 och d’Lëtzebuerger Nationalitéit. "Mee ech mengen, et ass och egal, mir hu just de Choix tëscht hinnen zwee", seet d’Historikerin.

Esou kloer ass dat awer net. Den Joe Biden hält zwar u senger Kandidatur fest, ma nom katastrophalen Debat géint den Trump sinn och eng Rei Demokraten der Meenung, hie sollt sech zréckzéien zugonschte vun engem anere Kandidat mat besseren Aussiichten. D’Amy ass awer net sécher, ob dat esou kuerz virun de Walen ugangs November nach eppes bréngt.

E Réckzuch vum Biden senger Kandidatur kéint sënnvoll sinn, mengt dogéint den Norm Veenstra. Awer just ënnert der Konditioun, datt et eng gemeinsam Entscheedung wier, vum Biden senger Ekipp an der demokratescher Chefetage. "Mee wann et duerno zu engem Sträit oder engem Broch kéim, da wär dat e richtege Problem. Well d’Republikaner sti méi beieneen, wéi d’Demokraten."

Als Alternativ zum Biden hätt d’Vize-Presidentin Kamala Harris warscheinlech déi beschte Chancen, fir géint den Donald Trump ze gewannen, mengt den Norm. Si hätt vill Erfarung op nationalem Niveau a wier och bekannt. D’Amy Chidester gesäit dat anescht. Souguer op engem schlechten Dag, wier de Biden méi qualifizéiert wéi seng Vize-Presidentin an de fréiere President Trump.

En aneren Demokrat geséich si net, deen et elo nach riichte kéint. D’Amy seet sech desillusionéiert, gëtt d’Hoffnung awer net op, datt de Biden d’Blat géint den Donald Trump nach dréine kann. Och den Norm Veenstra ass der Meenung: Bis November kann nach vill geschéien.

Eng RTL-Ekipp ass den Ament zu Washington D.C., fir de Sommet vun der NATO ze couvréieren. Op der Plaz sinn d’Journalistin Raphaëlle Dickes, de Journalist Pierre Jans an de Kameramann Pedro Venâncio.

RTL

Vu lénks no riets: D'Journalistin Raphaëlle Dickes, de Journalist Pierre Jans an de Kameramann Pedro Venâncio. / © RTL