Feier an der historescher Kathedral vu Rouen ënner Kontroll
© AFP
En Donneschdeg de Mëtteg ass an der Haaptstad vun der Normandie e Feier an der historescher Kathedral vu Rouen ausgebrach.
D'Ursaach vum Brand ass bis ewell net bekannt, huet de Buergermeeschter vun der Stad op X geschriwwen. D'Feier ass an engem vun den Tierm vun der gotescher Kathedral ausgebrach, an deem grad Chantier ass. Beim Tuerm sinn deck Dampwolleken ze gesinn. 63 Pompjeeë si mat 33 Gefierer am Asaz, esou de Buergermeeschter.
Géint 14 Auer koum d'Nouvelle, datt d'Feier ënner Kontroll konnt bruecht ginn. Et wier awer nach net kloer, datt d'Feier och schonn ofschléissend geläscht wier, heescht et vun de Pompjëeen. D'Feier géif eréischt fir "geläscht" erkläert ginn, wann een den Tour vun allen Hëtztpunkte gemaach hätt.
Wéi ënnert anerem op "Le Monde" ze liesen ass, gëtt zanter Ufank des Jores un deem Deel vun der Kathedral geschafft. Den Ament ass virun allem déi 151 Meter héich Tuermspëtzt vun de Flame betraff. D'Tuermspëtzt wier eng vun de leschte Statiounen an dem gréissere Renovéierungsprozess, deen 2015 ugefaangen hat.
D'Kathedral vu Rouen gëllt als Meeschterwierk vun der Gotik. Den Ufank vun den Aarbechten un der Kathedral, wéi ee se haut kennt, ginn op d'Joer 1145 zeréck an d'Kathedral war och d'Plaz, wou déi normannesch Herzoge gekréint goufen. D'Tuermspëtzt ass eng vun deenen héchsten an Europa a gouf 1876 gebaut, fir d'Tuermspëtzt ze ersetzen, déi 1822 an engem Feier zerstéiert gouf.
De Virfall erënnert un 2019, wou déi berüümte Kathedral vun Notre-Dame zu Paräis Feier gefaangen huet an zu groussen Deeler ausgebrannt ass. Och do gouf zum Zäitpunkt vum Ongléck un der Kathedral geschafft.