Massiven Investissement an d'OprëschtungNATO-Sommet geet mat historescher Ëmstellung op en Enn

Pierre Jans
De Premier Luc Frieden schwätzt vun engem erfollegräichen NATO-Sommet zu Washington.

An der Ofschlosserklärung vun de Memberlänner stinn eng ganz Rei un Decisiounen, déi keen Zweiwel dru loossen, dass déi Nordatlantesch Verdeedegungsallianz sech ëmstellt. Kuerz: et gëtt massiv an Oprëschtung investéiert. Fir d‘Memberlänner e Schratt, deen net z‘evitéiere wär.

Ofschloss vum NATO-Sommet / Rep. Pierre Jans

D‘Nouvelle vun den US-Geheimdéngschter, dass e russescht Attentat op en héichrangegen däitschen Industriellen nach evitéiert konnt ginn, huet och am Convention Center am Zentrum vu Washington d‘Ronn gemaach. Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg kommentéiert esou:

Et ass Deel vun enger russescher Campagne, déi als Zil huet, d‘NATO-Alliéierter z‘intimidéieren. Déi lescht Méint hu mir awer de Contraire gesinn. NATO-Alliéierter ënnerstëtzten d‘Ukrain nach méi.

Dat gouf op dësem Sommet däitlech: Op d’mannst 40 Milliarden Euro d‘nächst Joer. D‘Ukrain kritt finalement Kampfjetten. D‘NATO-Memberlänner rëschte massiv op. Si hätte kee Choix, seet de Luc Frieden.

Mir géifen alleguer déi Sue léiwer ausgi fir aner Saachen. Mä ouni eng kredibel Ofschreckung, ouni eng kredibel Verdeedegung sinn d‘Sécherheet, d‘Fräiheet an deemno och eise Wuelstand a Gefor. An deem Sënn ass dësen NATO-Sommet schonn eng Ännerung zu deem, wat mir an de leschten 10 Joer an eigentlech och schonn dem Enn vum kale Krich erlieft hunn.

Moskau schwätzt vum Ufank vun engem neie kale Krich, provozéiert duerch d‘NATO. Och China ass net begeeschtert vun den Decisiounen zu Washington. Et däerf een d‘Geschicht net verdréien, betount de Premier Luc Frieden.

D‘Ukrain gouf vu Russland attackéiert. D‘Ukrain kéim och gär an d‘NATO, ma eng Invitatioun gouf et och op dësem Sommet net. Dozou de President Selenskyj.

Mir si staark Leit, mir hunn eng staark Arméi. A mir kämpfe géint den Tyrann Putin. Dofir wär d‘Ukrain an der NATO e géigesäitege Succès. Wa mir awer haut iwwer ganz konkrete Succès schwätzen, dann ass et d’Hëllef ze ginn, z‘iwwerliewen: Patriots!

Militärescht Material also. D‘NATO-Memberlänner wëllen d‘Industrie an deem Sënn deels ëmstellen. Zu Lëtzebuerg wär dat wuel méi schwéier, erkläert de Luc Frieden, mä net onméiglech.

Mir hunn eng Rei Betriber, déi an deem Secteur direkt oder indirekt kënnen täteg sinn. Dat sinn déi sougenannten ‘dual use’ Produiten, esouwuel zivil ewéi militäresch. D‘Regierung ass amgaangen ze kucken, wat deen do nach méi maache kann.” De Satellitteberäich ass dobäi och net ze vergiessen.

An esou ass e Sommet mat historesche Changementer op en Enn gaangen.

Back to Top
CIM LOGO