461 vun de 720 EU-Deputéierten hu fir de Marc Angel als ee vun de 5 Questore gestëmmt. Domadder bleift hien Deel vun der Presidence vum EU-Parlament.

De Marc Angel hat aus strategesche Grënn drop verzicht, nach emol fir de Posten vun engem vun de Vizepresidenten vum Europaparlament ze kandidéieren.

Questore sinn zoustänneg fir déi administrativ a budgetär Froen, déi direkt mat den Deputéierten ze dinn hunn. Virum LSAP-Politiker hate schonn d'CSV-Politiker Isabel Wiseler-Lima a Christophe Hansen d'Positioun vum Questor.