D'Europaparlament zu Stroossbuerg huet déi däitsch Politkerin um Donneschdeg mat 401 vun 707 Stëmme erëmgewielt fir 5 Joer.

Virum Vott hat si eng Ried gehalen, an där déi grouss Linne fir déi nächst 5 Joer presentéiert goufen.

D'Kompetitivitéit vun der EU soll an enger nächster Legislaturperiod ënnert der Kommissiounspresidentin von der Leyen eng zentral Roll spillen. Dat huet d'EVP-Politikerin an hirer Ried zur Kandidatur ganz däitlech ervirgehuewen. Parallel soll Europa awer och punkto gréngen Investissementer méi attraktiv ginn. Dowéinst huet si eng Reduktioun vun den Zäregasen annoncéiert:

"Europa dekarboniséiert an industrialiséiert sech am selwechten Ament. Eis Firmae brauche Previsiounen, souwuel fir hir Investissementer, wéi och fir hir Innovatiounen. An dobäi kënne si op eis zielen. An dowéinst wäerte mir eist Zil vun 90 Prozent manner CO2-Emissioune bis 2040 an eis europäesch Klima-Gesetzer integréieren."

Doriwwer eraus ass d'Onofhängegkeet vu fossillen Energien, virun allem aus Russland, och en Zil vun der Ursula von der Leyen.
 
Eng gemeinsam a staark Defense soll dann och am Vierdergrond stoen. An deem Kader huet d'EVP-Politikerin och d'Investissementer an den eegenen EU-Defense-Marché ervirgehuewen. Eng weider Annonce war dann och d'Stäerkung vun der europäescher Police Europol:

"Mir musse sécherstellen, dass d'Police a ganz Europa schaffe kann, iwwert d'Grenzen eraus. Dowéinst proposéieren ech, d'Personal vun Europol ze verduebelen an hiert Mandat ze verstäerken. Ech wëll, dass Europol eng richteg, operationell Police-Agence gëtt."

D'Logementsproblematik huet d'Ursula von der Leyen als eng Erausfuerderung fir déi ganz europäesch Unioun definéiert. Anescht ewéi et dacks géing duergestallt ginn, géing et net méi duergoen, de Problem nëmmen national unzegoen. Dowéinst huet d'Ursula von der Leyen annoncéiert:

"Ech wäert e Kommissär designéieren, deen explizitt fir de Logement wäert responsabel sinn. Mir schaffen en europäesche Plang fir bezuelbare Wunnraum aus. Fir ze kucken, wéi d'Kris genee ugedriwwe gëtt. A fir privat an ëffentlech Investissementer, déi gebraucht ginn, ze deblockéieren."

E Kommissär fir Logement war och eng Fuerderung vun de Sozialdemokrate fir hir Ënnerstëtzung vun der EVP-Kommissiounspresidentin.

Och de Schutz vun de Baussegrenze soll ausgebaut ginn, esou d'Ursula von der Leyen an hirer Ried virum Vott:

"D'Grenze vun engem Memberstaat sinn och Grenze vun der EU. A mir wäerten alles maachen, fir se méi staark ze maachen. Dowéinst musse mir Frontex och méi staark maachen. Fir dass dës Agence méi effektiv gëtt - ëmmer am Aklang mat de Grondrechter - proposéieren ech d'Unzuel vun den Agenten un de Grenzen ze verdräifachen, op 30.000."

Reaktioune vun de Lëtzebuerger EU-Deputéierten

Déi sechs Lëtzebuerger EU-Deputéiert reagéieren duerchwuess op d'Elektioun vun der Kommissiounspresidentin.

En zweet Mandat fir d'Ursula von der Leyen wier eng grouss Kontinuitéit, déi wichteg wier, esou d'EU-Deputéiert Isabel Wiseler-Lima vun der CSV. 

Fir den neien EU-Deputéierte Fernand Kartheiser vun der adr ass d'Kontinuitéit éischter e Grond, sech Suergen ze maachen:

"Et heescht virun allem, datt mer eis mussen drop virbereeden, datt d'Europäesch Kommissioun weider iwwer hir Kompetenzen erausgeet, wéi se an Traitéë virgesi sinn. Et geet och drëm, datt mer gesinn, datt warscheinlech d'Finanzgestioun vun der EU weider eigentlech och Traitéë verstéisst. Mir hate jo déi Scholdepolitik an der Europäescher Unioun, déi bei der Madamm von der Leyen gemaach gouf."

Och fir d'Opschaffe vun den Decisiounen, déi an der Pandemie geholl goufen, gesäit den adr-Deputéierte wéineg Hoffnung.

Fir d'Sozialdemokrate leien d'Prioritéiten anescht. Et wier net verhandelbar, dass déi al an nei Kommissiounspresidentin d'Zesummenaarbecht mat rietse Gruppéierunge kloer ausschléisst.

Fir den neie Questor Marc Angel vun der LSAP ass déi sozial Kohesioun da besonnesch wichteg, esou wéi och:

"Mir hätte gären e Kommissär fir Logement, du huet se gesot, dat kéint se sech gutt virstellen. Dat sinn e puer vun eise Prioritéite gewiescht, a fir eis ass dat wichteg, a mir wäerten si an deenen Dossieren och ënnerstëtzen." 

Manner Bürokratie a besser Previsioune fir déi europäesch Entreprisen, doranner wëll de Liberalen Deputéierte Charel Goerens déi nei Kommissiounspresidentin ënnerstëtzen. Déi Gréng erënneren, dass d'Ursula von der Leyen à l'origine war vum Green Deal. Ma dës ekologesch Transitioun dierft elo awer net weider verwässert ginn. Déi gréng EU-Deputéiert Tilly Metz:

"Mir brauchen déi ekologesch Transitioun, mir brauchen se fir méi sozial Gerechtegkeet ze hunn, mir brauchen se awer och am wirtschaftleche Beräich."

Ouni ekologesch Transitioun hätt Europa net nëmme keng Wirtschaft méi, esou nach déi Gréng EU-Deputéiert Tilly Metz, mee - Zitat - "keng Wirtschaft méi tout court".