Trump eng zousätzlech Motivatioun fir Lëtzebuerger ze ginn?
2023 hunn eng 936 US Amerikaner d'Lëtzebuerger Nationalitéit kritt, obwuel si net hei am Land liewen. Wat motivéiert si?
Déi allermeescht hunn déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl, wéinst Elteren oder Virfare vun hei. 2022 waren et der knapp 900. Spillen d'Presidentschaftswalen an den USA dobäi eng Roll? Mir hunn ugangs Juli zwee "nei" Lëtzebuerger zu Washington D.C. getraff an nogefrot.
Bis viru kuerzem huet d'Amy Chidester op der Georgetown University studéiert. Elo mécht si en Doktorat am Minnesota. D'Amy ass d'Urenkelin vun engem Lëtzebuerger, deen 1906 an North Dakota ausgewandert ass. Wéinst hirem Urgrousspapp krut si zejoert d'Lëtzebuerger Nationalitéit. D'Motivatioun wär u sech gewiescht, fir an Europa kënnen ze liewen an ze schaffen.
"Mee ech mengen, elo ass et besonnesch motivant, well ech fortgoe kann, wéini ech wëll", schmunzelt déi jonk Fra, déi a Kalifornien opgewuess ass an elo d'duebel Nationalitéit huet. D'Amy fäert e Retour vum Donald Trump am Wäissen Haus. Bei dëse Presidentschaftswale stéing vill um Spill stoen.
"Ech wëll lo net dramatiséieren a soen 'déi ganz Demokratie'. Mee et sinn eng Rei Fräiheeten, déi se ugefaangen hunn, anzeschränken."
D'Kippe vum Ofdreiwungsrecht, déi rezent Decisioun vum Ieweschte Geriichtshaff, datt e President quasi net verantwortlech ka gemaach gi fir Doten wärend sengem Mandat, bereeden der iwwerzeegter Demokratin Suergen. Den Toun an der Gesellschaft hätt sech mam Donald Trump verschäerft. Souguer Frënn hätten ugefaange Saachen ze maachen an ze soen, déi si net novollzéie kéint.
"Wäert mech druginn, fir mech net wéi en Amerikaner ze behuelen"
Den Norm Veenstra huet eng Passioun fir Musek, lieft vun Immobilien an ënnerstëtzt d'Demokraten. En zweet Mandat vum Donald Trump wär e reelle Risiko fir d'Piliere vun den USA, mengt den 58 Joer alen Amerikaner mat duebeler Nationalitéit. "D'Verfassung an de System vun der Gewaltentrennung waren ëmmer en decisiven Deel vun deem, wat Amerika ausmécht. Et gesäit esou aus, wéi wann dat a Gefor wär."
Dem Norm seng Mamm ass ugangs de 60er Jore vun der Schanz an d'USA ausgewandert. Als Kand huet hie vill Summere bei der Famill am Grand-Duché verbruecht. Seng ungaresch Frëndin Adrienne, den Donald Trump a Covid hätte säi Wonsch verstäerkt, Lëtzebuerger ze ginn. 2022 war et esou wäit. De Grand-Duché wär eng wonnerbar Plaz fir e Pied-à-terre an Europa, fënnt den Norm. D'Koppel wéisst nach net, ob dat elo an 2 Joer, a 5 Joer oder eventuell schonn a 5 Méint wäert sinn. Jee nodeem wat an de States geschitt.
Den Norm an d'Adrienne kënne sech jiddefalls gutt virstellen, an Zukunft e puer Méint am Joer zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Si hunn nees Kontakt opgeholl mat der Famill am Grand-Duché. Hie misst nach vill léieren iwwer d'Land a géif sech bestëmmt nach eng Zäit laang wéi en Auslänner fillen. Ma den Norm versprécht: "Ech wäert mech dru ginn, fir mech net wéi en Amerikaner ze behuelen!"
D'Amy Chidester wëll iwwerdeems d'nächst Joer hei zu Lëtzebuerg d’Geschicht vun der Medezin erfuerschen.