Angscht virun Eskalatioun am Noen Osten wiisst
 
                    © AFP
Nodeems den Iran domat gedreet huet, sech wëllen un Israel ze rächen, ass d'Angscht virun enger weiderer Eskalatioun am Noen Osten gewuess.
Iranesch Vertrieder hate jo bei de Vereenten Natiounen annoncéiert, dass déi libanesesch Miliz no der Ermordung vum Hisbollah-Militärchef Fuad Schukr Israel wëll "an der Déift ugräifen" a si wäerte sech "net just op militäresch Ziler beschränken".
D'USA hunn hir militäresch Presenz an der Regioun scho verstäerkt.
D'iranesch Vertriedung hat bei der UNO erkläert, mam Ëmbrénge vum Schukr en Dënschdeg hätt Israel "eng gewësse Grenz iwwerschratt", un déi sech virdru souwuel d'Hisbollah wéi och Israel gehalen hat. Aus Hisbollah-Kreeser heescht et donieft, Israel hätt och e Camionskonvoi ugegraff, dee vu Syrien aus an de Libanon ënnerwee war. D'Camione wieren un engem Grenziwwergang no bei Hausch al-Sajed getraff ginn.
Nodeems de Schukr dout gemaach gi war, zu deem sech den israeelesche Militär offiziell bekannt hat, war e Mëttwoch och nach den Hamas-Chef ëmbruecht ginn. Israel hat dat net kommentéiert, den Iran hat Israel awer dofir verantwortlech gemaach. Kuerz nom Hanija sengem Doud hat de geeschtleche Chef vum Iran, den Ayatollah Ali Chamenei, mat enger "haarder Bestrofung" vun Israel gedreet.
D'iranesch Revolutiounsgard huet e Samschdeg erkläert, den Hanija wier aus kuerzer Distanz mat engem 7 Kilogramm schwéiere Sprengkapp ëmbruecht ginn. Israel wier "vun den USA ënnerstëtzt" ginn, heescht et weider.
An engem Artikel vun enger iranescher Zeitung stoung e Samschdeg, dass bei der iranescher Revanche déi israeelesch Küstestied Tel Aviv an Haifa viséiert sinn. Et géif dobäi "schmäerzhaft mënschlech Verloschter" ginn.
Den israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu huet op d'iranesch Menace reagéiert a gesot, Israel wier op all Zort Aggressioun preparéiert. Den US-President Biden huet Israel d'Ënnerstëtzung vu Washington "géint all Menace aus dem Iran" zougeséchert. Den US-Verdeedegungsministère huet zousätzlech Krichsschëffer a Kampfjetten zum Schutz vun der US-Arméi an zur Verdeedegung vun Israel ugekënnegt. Et géifen och Schrëtter vum Pentagon ënnerholl gi géint eng weider regional Eskalatioun duerch den Iran oder sengen Alliéierten.
D'Bundeswehr wäert sech aktuell net un enger Missioun zum Schutz vun Israel bedeelegen, sot de Bundesverdeedegungsminister Boris Pistorius (SPD). Dat wier fir hie grad onvirstellbar.
Am Hibléck op d'aktuell Lag hunn d'franséisch Fluchgesellschaften Air France an Transavia France, de Fluch-Stopp, deen zanter Enn Juli op hire Flich a Richtung Beirut gëllt, verlängert. Dat bis op d'mannst emol de 6. August. De Fluchbetrib op Tel Aviv géif weiderhin normal weidergoen. D'Lufthansa hat schonn en Donneschdeg d'Aussetze vun de Flich op Tel Aviv bis den 8. August verlängert, d'Flich op Beirut bis den 12. August.
Donieft huet Schweden annoncéiert, hir Ambassade zu Beirut zou ze maachen. Dës géif temporär op Zypern verluecht ginn.
An de leschten Deeg haten och nach e puer westlech Staaten hir Bierger opgeruff, de Libanon ze verloossen.
 
                     
                     
                     
                    