Zwee Doudesaffer, lescht Iwwerliewend no laange Rettungsaarbechte gebuergen
Nodeems en Hotel un der Musel deels an de Koup gefall ass, bloufen déi Blesséiert stonnelaang verschott.
Wéi et op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Moie kuerz virun 11 Auer geheescht huet, wieren zwou Persoune beim Ongléck gestuerwen, e Mann an eng Fra. Bis dohi war just vun engem Doudesaffer rieds. De Chef vum Asaz, de Jörg Teusch, huet iwwerdeem matgedeelt, datt d'Läich vun enger Fra gebuerge gouf.
Vun de siwe Persounen, déi nom Ongléck an den Iwwerreschter vum Hotel festhoungen, goufen der véier am Laf vum Mëttwochmoie gerett. Ënnert hinnen och en zwee Joer alt Kand a seng Mamm. Géint der Mëtteg konnt dann och de Papp schwéierblesséiert befreit ginn. Domat houng just nach eng Persoun an den Iwwerreschter vum Hotel fest.
E Mëttwoch den Owend spéit dunn nach déi lescht erléisend Nouvelle: 24 Stonnen, nodeems den Hotel an de Koup gefall ass, konnt nach eng Fra gebuerge ginn. Si konnt géint 22.30 Auer lieweg aus den Debrise gerett ginn a gouf ënner vill Applaus aus dem Gebai erausgedroen.
Een Doudesaffer konnt bis e Mëttwoch den Owend spéit net gebuerge ginn.
De Lëtzebuerger Ausseministère hat e Mëttwoch de Moien op Nofro hi matgedeelt, datt net bekannt wier, dass e Lëtzebuerger zu Kröv betraff wier.
Wat war geschitt?
Am däitsche Musel-Duerf Kröv, net wäit vu Bernkastel-Kues ewech, ass um spéiden Dënschdegowend en Hotel deels an de Koup gefall. Wéi den SWR gemellt hat, war de sougenannte "Gieweldaach" vum Gebai agebrach an huet déi zwee Stäck op enger Säit vum Haus zesummegedréckt. Ufanks war vun 9 Mënsche rieds, déi der däitscher Police no nach am Hotel waren, zu sechs dovun hätt ee Kontakt gehat. E Mëttwoch de Moie kuerz viru 7 Auer war dunn d'Nouvelle vun der Police zu Tréier komm, datt et een Doudesaffer géing ginn an 8 Mënschen nach am Gebai ageklemmt an deels schwéier blesséiert wieren.
Bei der Pressekonferenz e Mëttwoch de Moien haten d'Autoritéiten du matgedeelt, datt de Bilan vun den Doudesaffer op 2 geklommen ass. Eng Fra an e Mann si beim Ongléck ëm d'Liewe komm.
Schwiereg Rettungsaarbechten
D'Pompjeeë konnten awer net direkt an d'Gebai, well et eng "akut Gefor" gëtt, dass d'Gebai ganz an de Koup fält. Donieft sinn dat Technescht Hëllefswierk (THW) an eng Hondsstaffel vun de Beruffspompjeeën Tréier am Asaz. D'THW huet, wéi et vun enger SWR-Reporterin op der Plaz heescht, Miesspunkte virum Hotel placéiert, fir ze iwwerwaachen, ob nach Beweegung am Gebai ass oder ob een era kann. Och mat Drone géingen d'Pompjeeë probéieren, eng Iwwersiicht vun der Situatioun ze kréien.
Wéi et dozou koum, datt d'Gebai an de Koup gefall ass, ass bis ewell net gewosst.










Nopeschhaiser evakuéiert
Wéinst der Gefor, datt den Hotel weider an de Koup fält an d'Nopeschhaiser mat beschiedegt, goufen dës och evakuéiert. D'Awunner ginn an enger Hal zu Kröv betreit, wou och Mataarbechter vum Groupe psychologique sinn, fir sech ëm d'Leit ze bekëmmeren. Wéinst dem Asaz sinn eng Rei Stroosse ronderëm den Hotel gespaart.
5 Gäscht konnte sech selwer retten
Wéi d'SWR-Reporterin mellt, soll géint 23 Auer den Alarm erausgaange sinn. Aenzeie solle vun engem Knall an enger grousser Stëbswollek geschwat hunn. Wéi et vun der Police heescht, wieren zum Zäitpunkt vum Virfall 14 Leit am Gebai gewiescht, 5 vun de Gäscht hätte sech selwer aus dem Haus kënne retten. Ee vun hinne soll grad op der Toilette gewiescht sinn, wéi de Buedem a sech zesumme gaangen ass, wéi dësen der SWR-Reporterin géigeniwwer erkläert huet.