Eng Operatioun, déi de President Putin als "grouss Provokatioun" kommentéiert huet. 

D'Iwwerraschung war grouss, wéi d'Nouvelle gefall ass, ukrainesch Truppe wären am Weste vu Russland iwwer d'Grenz gaangen a géifen do och relativ séier op russeschem Territoire weiderkommen. 
 
De Chef de l'Etat Majore vun der russescher Arméi, Guerassimov, huet d'Attack selwer bestätegt. 
 
En Dënschdeg de Moie fréi, um hallwer 6, hätten eng 1.000 ukrainesch Zaldoten d'Offensiv an der Regioun Kursk lancéiert. Eng Operatioun, déi de President Putin als "grouss Provokatioun" kommentéiert huet.
 
Vu russescher Säit ginn an Tëschenzäit Biller diffuséiert, wou gepanzert Gefierer vun der ukrainescher Arméi zerstéiert ginn. Iwwerdeems d'Ukrainer hirersäits Kolonne vu russeschen Zaldote weisen, déi gefaange geholl goufen. Biller, Informatiounen, vu béide Säiten, déi net onofhängeg iwwerpréift kënne ginn. 
 
Firwat déi ukrainesch Offensiv elo grad an där Regioun? 
 
Op engem Ament wou d'Ukrainer am eegene Land, ronderëm Donezk staark ënner Drock sinn. A wou et, wat d'Zuel un Zaldoten ubelaangt, mat engem Ukrainer fir 7 Russen, elo scho fir d’Ukrain enk a Punkto Männer a Fraen an Uniform ass. 
D'Regioun Kursk gëtt vun de Russe gebraucht, fir Truppen do ze regroupéieren, iert se an der Ukrain an den Asaz kommen. Reserven, déi elo schonn op russeschem Territoire destabiliséiert ginn. Vun do aus gëtt d’Ukrain och reegelméisseg bombardéiert. 
 
Dobäi kënnt déi strategesch Lag vun der Regioun Kursk. Eng wichteg Kräizung wat russesch Gas-Pipelinen ubelaangt. An da gëtt et och eng russesch Atomzentral an där Regioun. 
 
D’Moral vun den Ukrainer boosten 

 
Derbäi kennt och, datt positiv Nouvellen aus ukrainescher Siicht generell gutt dinn, wou et zanter praktesch zwee Joer kaum nach markant ukrainesch militäresch Erfolleger gëtt. Wou grad a leschter Zäit, d'Russen an der Ukrain nees un Terrain gewonnen hunn.