Autoritéite ginn Ursaache fir Helikopter-Ongléck bekannt
Den Helikopter mam Raisi u Bord wärend dem Start. / © AFP
Am Mee war den iranesche President Ebrahim Raisi bei engem Helikopter-Ongléck gestuerwen. D'Enquêteure schléissen eng Strofdot aus.
Déi iranesch Autoritéite si Medieberichter no zur Conclusioun komm, datt schlecht Wieder an eng Iwwerluedung den déidlechen Helikopter-Accident mam iranesche President Ebrahim Raisi u Bord soll verursaacht hunn.
D'Enquêteure wiere sech absolut sécher, datt et sech ëm en Accident géing handelen. Dat mellt d'Noriichtenagence Fars a berifft sech op eng Quell bannent de Sécherheetsautoritéiten. Et wiere keng elektronesch Systemer gestéiert oder gehackt ginn an et hätt een och keng Hiweiser op chemesch Stoffer oder schiedlech Substanzen.
Déi iranesch Arméi hat schonn am Mee erkläert, datt et keng Hiweiser op eng Strofdot als Onglécksursaach géing ginn. Dem Fars-Bericht no waren zwee Passagéier méi u Bord wéi vum Sécherheetsprotokoll virgesinn. Doduerch wier et der Maschinn net gelongen, fir un Héicht ze gewannen.
Den Helikopter mam iranesche President Raisi u Bord war den 19. Mee am Nordweste vum Iran um Wee an d'Stad Täbris erofgefall. Déi aacht Passagéier, ënnert hinnen och den Ausseminister Amir Abdollahian, waren ëm d'Liewe komm.