Separatisten erschéissen iwwer 50 Leit
© AFP/STR
An der südwestlecher pakistanescher Provënz Belutschistan koum et e Méindeg op e puer Plazen zu koordinéierten Attacken.
Dobäi solle bis ewell op d'mannst 51 Mënschen ëmbruecht gi sinn. Policebüroen, Autobunnen an Zuchlinne goufe vun arméierte Persounen attackéiert, bei deenen et sech ëm Membere vun der BLA (Balochistan Liberation Army), enger militanter separatistescher Gruppéierung handele soll. Dës Gruppéierung, deenen hir Membere zum ethnesche Grupp vun de Belutsche gehéiert, kämpfe fir d'Onofhängegkeet vun hirer Provënz. Vun der pakistanescher Regierung, China, den USA a Groussbritannien gëtt d'BLA als Terrororganisatioun bezeechent.
Op enger Autobunn solle si Gefierer gestoppt a geziilt Chaufferen erschoss hunn, déi aus der Provënz Punjab kommen. Besonnesch Aarbechter, déi Kuelen transportéiert hunn, sollen zu den Affer gehéieren. Vun der Miliz selwer heescht et, et hätt een Zaldoten attackéiert, déi als Ziviliste getarnt ënnerwee waren, vum pakistaneschen Inneministère heescht et awer, datt déi meescht doudeg normal Aarbechter waren.
© AFP/Banaras KHAN